Kierch Beeler

Vu Wikipedia
Kierch vu Beeler
Filialkierch vu Beeler (2014)

Filialkierch vu Beeler (2014)
Filialkierch vu Beeler (2014)
Uertschaft / Plaz Beeler
Par Ëlwen–Wäiswampich
Saint-François
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Odilia
Baujoer 1857
Koordinaten 50° 09’ 50.0’’ N
      06° 05’ 18.0’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Beeler ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wäiswampech gehéiert.

D'Patréinesch vun der Kierch ass d'helleg Odilia, där hiert Fest de 14. Dezember gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass den hellege Valentin.

D'Kierch steet zentral an der Uertschaft un der Duarrefstrooss, dem CR335. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht. Nieft dem Kierchenagank ass de Monument aux Morts fir d'Affer vum Zweete Weltkrich.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch staamt aus dem Joer 1857 an entsprécht engem typesch ländleche Stil. Mam Bau vun der Kierch huet Beeler sech vun der Par Wäiswampech geléist an ass eng eege Par ginn. An der Kierch steet e prächtege, restauréierten Haaptaltor.

D'Beeler Kierch huet dräi Klacken am Tuerm hänken déi am Schlagtoun Sol, Fa Dièze a Mib lauden.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Beeler, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Beeler huet ausser der Parkierch vu Beeler och nach d'Filialkierch vu Leetem gehéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Beeler – Biller, Videoen oder Audiodateien