Kierch Bidscht

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Bitscht)
Kierch vu Bidscht
Filialkierch vu Bidscht (2015)

Filialkierch vu Bidscht (2015)
Filialkierch vu Bidscht (2015)
Uertschaft / Plaz Bidscht
Par Öewersauer
Saint-Pirmin
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Tréischterin
am Leed
Konsekratioun 1896
Baujoer 1896
Koordinaten 49° 56’ 03.7’’ N
      05° 56’ 12.0’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Bidscht ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Géisdref gehéiert.

D'Kierch ass der Tréischterin am Leed geweit. D'Fest gëtt de Samschde vun der véierter Woch no Ouschtere gefeiert.

D'Kierch steet zentral an der Uertschaft op der Duerfstrooss nieft dem Kulturzentrum.

De 5. Abrëll 2022 gouf se als nationaalt Kulturierwe klasséiert.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Eng éischt Kapell gouf zu Bidscht warscheinlech schonn 1616 gebaut a 1627 vum Bëschof vu Léck ageweit. Am Drëssegjärege Krich (1618-1648) gouf d'Kapell bal komplett zerstéiert a well Bidscht deemools ganz aarm war huet d'Restauratioun bis 1675 op sech waarde gelooss.

Wärend dem Spueneschen Ierffollegkrich (1701-1714) ass d'Kapell ofgebrannt an dowéinst gouf eng nei gebaut déi Enn 1714 fäerdeg war.

Am Joer 1807 koum Bidscht zur Par Kauneref, virdrun huet et zu Nidderwolz gehéiert.

Well d'Kapell an engem schlechten Zoustand war gouf eng nei Kierch gebaut déi 1896 fäerdeg an den 21. November 1896 konsekréiert gouf.

Ënner der Parverwaltung vun Esch-Sauer gouf zu Bidscht en eegene Kierfecht ugeluecht, deen 1963 vum Deche vu Wolz Prosper Colling ageweit gouf.

Bis de 7. Mee 2017 war d'Kierch vu Bidscht d'Filialkierch vun der Par Kauneref, déi zum Parverband Öwersauer, Sankt Pirmin, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Kauneref huet ausser der Filialkierch vu Bidscht och nach d'Parkierch vu Kauneref an d'Pirminuskapell vu Kauneref gehéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Bidscht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).