Kierch Buerglënster

Vu Wikipedia
Kierch vu Buerglënster

Uertschaft / Plaz Buerglënster
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Onbefleckt Empfängnis
Baujoer 1867
Koordinaten 49° 42’ 11.6’’ N
      06° 13’ 10.6’’ O
Kierchen - Kapellen
Statu vun der Onbefleckter Empfängnes

D'Kierch vu Buerglënster ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Jonglënster gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Par Buerglënster ass am Joer 1808 eegestänneg ginn. Virdrun huet Buerglënster zur Par Jonglënster gehéiert. Den deemolege Kaploun Jacob Klein gouf zum éischte Paschtouer vu Buerglënster ernannt.

Den 22. Mee 1866 ass de Grondstee fir eng nei Kierch geluecht ginn. Den Devis fir d'Kierch huet sech op 15.000 Frang belaaf. De Bau ass vum Entreprener Henri Clement aus Buerglënster ausgefouert ginn.

Déi nei Kierch konnt schonn den 11. November 1867 vum Deche vu Betzder ageseent ginn. D'Konsekratioun duerch de Bëschof Nicolas Adames war awer eréischt den 22. Juni 1868.

Ënner dem Paschtouer Johan Hellers (1870 - 1877) ass déi bannescht Ariichtung vun der Kierch komplettéiert ginn an dräi nei Klacke sinn ugeschaaft ginn, déi op d'Nimm Maria, Jousef a Bartholomäus gedeeft goufen.

An de Joren 1999-2000 ass d'Kierch komplett renovéiert ginn. Duerch d'Initiativ vun den Uergelfrënn Buerglënster/Amber ass bei där Geleeënheet eng Uergel ugeschaaft ginn.

Statuen[änneren | Quelltext änneren]

D'Uergel[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2000 gouf an der Kierch vun der Uergelmanufaktur Georg Westenfelder vu Lëntgen eng Uergel installéiert op där reegelméisseg Concerte gespillt ginn.

Series pastorum[änneren | Quelltext änneren]

  • Jacob Klein, 1808 - 1848
  • Joseph Schmit, 1848 - 1863
  • Theo Schütz, 1863 - 1869, de "Kierchebauer an der Buerg"
  • Johan Hellers, 1870 - 1877
  • Peter Trierweiler, 1877 - 1886
  • J.P. Harpes, 1886 - 1909
  • Mathias Hurt, 1909 - 1921
  • Jos Wagner, 1921 - 1943, begruewen um Kierfecht an der Buerg
  • Pierre Schritz, 1943 - 1950
  • Mathias Schomer, 1950 - 1953
  • Jos Duhr, 1953 - 1954
  • Jean Legros. 1954 - 1957
  • Nicolas Sabus, 1957 - 1964
  • Joseph Wagner, 1964 - 1970
  • Armand Schwall, 1970 - 1983, Parverwalter
  • Vincent Krier, 1983 - 16.9.1990, Parverwalter - Paschtouer zu Hueschtert
  • Felix Steichen, 16.9.1990 - 1.9.1999, Parverwalter
  • Jeannot Gillen, 1.9.1999 - 1.9.2007
  • François Erasmy, 1.9.2007 -

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Buerglënster – Biller, Videoen oder Audiodateien