Kierch Diddeleng
| Kierch vun Diddeleng | |
| Uertschaft | Diddeleng |
| Par | Diddeleng |
| Numm / Patréiner | Hl. Mäerten |
| Konsekratiounsjoer | 1904 |
| Parverband | Diddeleng |
| Architekt(en) | Pierre Kemp Alphonse Kemp |
| Kierchen - Kapellen | |
D'Kierch vun Diddeleng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Diddeleng, zum Parverband Diddeleng, zu der Pastoralregioun Süden, zum Dekanat Beetebuerg an zu der Gemeng Diddeleng gehéiert. Responsabel ass de Paschtouer Robert Sibenaler.
D'Kierch ass dem hellege Mäerten geweit. Se steet am Zentrum vun der Uertschaft op der Kräizung vun der avenue Grande-Duchesse Charlotte an der rue Jean-Jaurès mat der rue du Commerce an der rue Edison, dem CR184.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
De Grondstee fir déi neogotesch Kierch vun Diddeleng gouf den 21. Mee 1894 vum deemolege Generalvikar Jean-Bernard Krier geluecht. Den 11. Juni 1904 gouf se vum Bëschof Jean Joseph Koppes geweit. Architekte waren de Pierre an den Alphonse Kemp.
D'Gebai [änneren]
D'Kierch huet eng Längt bannena vun 59,60 a baussen eng vu 63,50 Meter. D'Breet ass bannen 23,50 a baussen 26,80 Meter. Se wier domadder déi gréisste Parkierch am Land[1].
Molereien [änneren]
Besonnesch bemierkenswäert sinn d'Molereien un de Wänn aus de Joren 1924-1927, se si vum Benediktinerbrudder Notker Heinrich Becker (1883-1978). Se weisen ë. a. de Pilgerwee vun den hellege Männer a Fraen aus der Welt (woubäi en Deel vun dëser Welt staark enger Industriestad aus dem Minett gläicht) an dat himmelescht Jerusalem.
De Kräizwee [änneren]
Déi véierzéng Statioune vum Kräizwee sinn e Wierk vum Diddelenger Kënschtler Dominique Lang. Se si mat Uelegfaarwen op Lénge gemoolt a sinn tëscht 120 an 122,7 cm héich an tëscht 84 a 86 cm breet. Op der drëtter Statioun ass de Kënschtler an der Mëtt vum Bild ze gesinn. Op der zwielefter ass ënner dem Kräiz de Paschtouer Kuborn a seng dräi Kapléin Razen, Konrath a Gushurst ze gesinn.
Uergel [änneren]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel an der Kierch Diddeleng ![]()
Fënsteren [änneren]
Am Chouer sinn dräi faarweg Fënstere vum Joseph an Emile Probst, se weisen de Johannes den Deefer, den hl. Märten an déi Helleg Bäerbel. Hannen an der Kierch ass eng Dier an zwou méi kleng Fënstere mat Glasmolereie vum Diddelenger Kënschtler Frantz Kinnen.
Statuen [änneren]
Dësweidere stinn eng ganz Rei Statuen an der Diddelenger Kierch:
- Muttergotteskapell (1)
- Hl. Anna mat der Maria (2)
- Héichaltor (3)
- Hl. Jouseph (4)
- Herz-Jesu Kapell (5)
- Hl. Willibrord (6)
- Muttergottes vu Fatima (7)
- Hl. Agnes (8)
- Hl. Aloysius (9)
- Ëmmerwärend Hëllef (10)
- Hl. Antonius vu Padua (11)
- Hl. Barbara (12)
- Hl. Franz vun Assisi (13)
- Pietà (14)
- Hl. Jang, den Defer (15)
- Dafsteen (16)
Geeschtlech am Déngscht vun der Par [änneren]
Paschtéier (parochi):
- Heinrich von Düdelingen 1325
- Nikolaus von Gymnich 1339
- Johhann von Daisberg 1339, 1347
- Johann von Bissen (Verwalter) 1375
- Arnold von Hollveltz (Hollenfels) 1419
- Johann von Büringen 1451, 1464, 1490
- Johann (Molitor) von Düdelingen 1493, 1504
- Markus von Schifflingen 1532, 1541-1552+
- Heinrich von Bettemburg (Verwalter) 1552-1559
- Johann von Differdingen (Verwalter?) 1559-1560
- Johan Nop (Nobe) (vu Veianen); Verwalter 1560-1570; Paschtouer 1598
- J.P. Schey (vu Lëtzebuerg) ...1602-1623+
- Joh. Keelen (Kayllen, Kielen) (vu Lëtzebuerg) 1623-1632+
- Joh. Jos. Patz (vun Helzen) 1636-1645+
- Peter Scherer (vu Lëtzebuerg) 1645-1679+
- Joh. Bapt. Kessler 1679-1684+
- Michael Geib (vu Wilwerdang) 1684-1711
- Joh. Steichen (vu Scheffleng) 1711-1727+
- Peter Eschette (Eschet) (vu Baastenduerf) 1727-1768+
- Bernard Hantzen (Hansen) (vum Schléiwenhaff bei Leideleng) 1768-1799
- Joh. Bapt. Zimmer (Vicarius, Verwalter) 1799-1800
- Ludwig Dionyisus Wuerth (vu Lëtzebuerg) 1801-1809
- Mathias Wolff SJ (vun Dikrech) 1809-1815
- Joh. Bapt. Pletschette (vu Groussbus) 1815-1817+
- Michael Fuhrmann (Formann) (vu Bauschelt) 1817-1828+
- J.P. Meyer (vun Eeselbur bei Klierf) 1828-1856
- Phil. Schroder (vun Iewerléng) 1856-1880
- Nikolaus Reichel (vun Uewerwampech) 1880-1887
- Michel Ernst (vun Duelem) 1987-1891+
- Mathias Schmit (vum Kierchbierg) 1891-1893+
- Laurent Bernard Kohn (vu Gréiwemaacher) 1893-1902
- Henri Kuborn (vu Lëllgen) 1902-1920+
- Joseph Philippe (aus der Stad, net ze verwiesselen mam Beschof Philippe) 1920-1930
- Antoine Guill (vun Dikrech) 1930-1932+
- Nicolas Lommel (vun Äischen) 1932-1955
- Jean Pierre Ries (vu Simmer) 1955-1959+
- Theodore Ley (vu Proz aus dem Préizerdall) 1960-1971
- Roger Kayser (vu Schëndels) 1971-1986
- Robert Sibenaler (vum Stater Lampertsbierg) 1986-
Kapléin (vicarii):
- Raymond Everard
- Victor Elz
- Pater Joseph Thiery SCJ 1966-1975
- Camille Juncker (Schmelz) 1966-1971
- Pater Jacques Steffen SCJ 1967-1968
- Jean Michel Schneider 1967-1976
- Jean Poos 1969-1971
- Jos Weisgerber 1971-1978
- Pit Reuter 1978-
- Felix Steichen
- Leo Kraus -1993
- Edmond Ries (1993-2000)
- Laurent Fackelstein (2000-2003)
- Denis Welisch (2003-2005)
- Luc Schreiner (2005-2007)
- Jean Bosco Rwasha Cishibanji
- Jean Ehret
Aner reliéis Gebaier an der Par Diddeleng [änneren]
- D'Lukaskapell zu Butschebuerg
- D'Jousefskapell zu Bireng
- D'Gehaanskapell um Gehaansbierg
- D'Eligiuskapell am Quartier Op der Schmelz aus den 1960er Joren, an där allerdéngs just nach ganz seele Gottesdéngscht gefeiert gëtt.
- Den Oratoire am Diddelenger Spidol um éischte Stack
- Bis virun ongeféier 10 Joer gouf et am Quartier Italien eng Kapell an engem Geschäftslokal vum engem Privathaus. Wéi dëst Haus de Proprietaire gewiesselt huet, gouf de Bail mat der Kierchefabréck gekënnegt an d'Kapell huet missen zougemaach ginn.
Zäiten [änneren]
- Déi Diddelenger Kierch ass all Dag vu mueres bis owes, mat Ausnam vun der Mëttesstonn, op.
Literatur [änneren]
- Schnell Kunstführer N°2377: Katholische Pfarrkirche St. Martin Düdelingen
- Die Düdelinger Kirche und ihre Stahlhuth-Orgel. Mit Beiträgen über Kirchenkunst, Orgelbau und Orgelmusik, sowie einer Monografie über die Orgelbauer Georg und Eduard Stahlhut, Diddeléng 2002, 510 Säiten.
- Thill, Norbert, Pfarrkirche Sankt Martin, Die "Düdelinger Sixtinische Kapelle" in Geschichte und Gegenwart, Heimat und Mission, Sonderheft 3, 1/2013 - Jahrgang 87, 44 S.
Film [änneren]
- Claude Lahr: Les maîtres du vent, Lëtzebuerg 2006.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Kierch Diddeleng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Diddeleng
- D'Kierch vun Diddeleng op der Websäit vum Service des sites et monuments nationaux (fr)
- D'Fënstere vun der Kierch vun Diddeleng op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e.V. (de)
- D'Uergel vun Diddeleng
Referenzen [änneren]
- ↑ Luxemburger Wort, 15. September 2012, S.32
