Kierch Draufelt

Vu Wikipedia
Kierch vun Draufelt
Filialkierch vun Draufelt (2006)

Filialkierch vun Draufelt (2006)
Filialkierch vun Draufelt (2006)
Uertschaft / Plaz Draufelt
Par Clierf
Saint-Benoît
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Cornelius
Baujoer 1899
Koordinaten 50° 01’ 04.5’’ N
      06° 00’ 18.6’’ O
D'Kierch vun Draufelt, bannen

D'Kierch vun Draufelt, bannen
D'Kierch vun Draufelt, bannen
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Draufelt ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Clierf Saint-Benoît, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Klierf gehéiert.

Patréiner[änneren | Quelltext änneren]

De Patréiner vun der Draufelter Kierch ass den Hl. Cornelius, deem säi Fest de 16. September gefeiert gëtt. Den Niewepatréiner ass den Hl. Jacobus.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Filialkierch vun der Par Pënsch, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Pënsch huet ausser der Filialkierch vun Draufelt och nach d'Parkierch vu Pënsch, d'Filialkierch vun Äischer, d'Filialkierch vu Wëlwerwolz, d'Kapell vu Lellgen an d'Kapell vu Siwwenaler gehéiert.

Zu Draufelt stoung fréier eng Kapell. 1899 ass op der selwechter Plaz eng nei Kierch gebaut ginn. An der Nuecht vum 21. Januar 1945 gouf si zerstéiert, wéi iwwregens bal dat ganzt Duerf. D'Kierch ass nom Krich nees nei opgebaut ginn, de Klackentuerm gouf komplett nei opgebaut. Dee Moment gouf ee flaache Plaffong, deen duerch déck Dunne strukturéiert ass, amplaz vum urspréngleche verwëllefte Plaffong, agebaut. Déi zwou Klacken hunn de Krich iwwerlieft a si vun der Firma Bour & Guenser vu Metz aus dem Joer 1902. Am Joer 2005 si gréisser Ënnerhaltsaarbichten um Klackentuerm gemaach ginn.

Kierch vu bannen[änneren | Quelltext änneren]

D'Fënsteren am Kiercheschëff, déi an den 1950er Jore vun der Manufaktur Linster hiergestallt goufen, weisen op der lénkser Säit Glasmolereie vun der Hl. Apollonia an der Hl. Margaretha an op der rietser Säit vun de Patréiner, dem Hl. Cornelius an dem Hl. Jacobus. D'Fënsteren am Chouer weisen eucharistesch Symboler, an déi um Duxall weise Symboler fir Kierchemusek a -gesang.

De Mobiliar ass neogotesch (20. Joerhonnert). D'Statue vum Cornelius a Jacobus sinn aus där aler Kapell (18. Joerhonnert). Op der lénkser Säit ass e Priedegtstull un der Mauer ugemaach, op der rietser Säit steet e Beichtstull. Ganz al a wäertvoll ass de Kruzifix op der rietser Mauer, mat engem Corpus aus dem 15./16. Joerhonnert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Draufelt – Biller, Videoen oder Audiodateien