Kierch Fiels
| Kierch an der Fiels | |
| Uertschaft | Fiels |
| Par | Fiels |
| Numm | Hl. Donatus |
| Konsekratiounsjoer | 1862 |
| Parverband | Fiels |
| Architekt(en) | Charles Arendt |
| Kierchen - Kapellen | |
D'Kierch Fiels gehéiert zu der Pastoralregioun Zentrum an dem Dekanat Fiels.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschichtleches
De Hubert Victor de Roebé hat der Fiels d'Bauplaz vun der Kierch vermaach. Un hien erënnert e Panneau, dee lénks hannen an der Kierch hänkt.
[änneren] D'Molereien
D'Freskemolerei vun 1934 am Chouerraum ass vum Nicolas Brücher.
[änneren] De Kräizwee
De Kräizwee am Nazarenerstil staamt vum Schwäizer Karl Georg Kaiser.
[änneren] D'Klacken
Am Joer 1888 huet d'Géisserei Causard vu Colmar fir déi Fielser Parkierch dräi Klacke gegoss:
[änneren] D'Marieklack
Se weit 1.180 kg, huet en Duerchmiesser vun 122 cm an ass 99 cm héich. Se laut um Toun Mi.
Op der Flank steet e Chronogramm : "HONORI BEATAE VIRGINIS CIVITAS RVpensIS PRAESIDE IOANNE KNAFF ME CONFLARI INGENIOSE CVRAVIT"
an hannendrop: "JOHANNE KANFF MAGISTRO CIVILE ET MATHIA SCHMIT PAROCHO"
drënner op engem gotesche Podest d'Maria an e Bëschof am Ornat.
[änneren] D'Donatusklack
Se huet en Duerchmiessser vun 109 cm, eng Héicht vun 89 cm an e Gewiicht vun 815 kg. Se laut a Fa bémol.
D'Flankechronogramm: "HONORI BEATI DONATI RVPIS PATRONI ME CONFLARI CVRAVERVNT CIVES GRATI RVPENSIS
hannendrop: JOANNE KNAFF MAGISTRO CIVILI ET MATHIA SCHMIT PAROCHO
[änneren] D'Péitrusklack
Déi klengsten ass d'Péitrusklack mat engem Duerchmiesser vu 97 cm, enger Héicht vu 97 cm an engem Gewiicht vun 393 kg an engem Toun a Sol bémol.
Beim Flankechronogramm feelt en "M" fir 1.000: "PETRVS VOCOR PETRVS SCHARLE BENEFICUVS RVPENSIS CONFLARI INGENIOSE FECIT ECCLESIAE RVPENSI."
Op der Récksäit huet de Schmit en zweeten "t" ugehaange kritt: "JOANNES KNAFF MAGISTRO CIVILI ET MATHIA SCHMITT PAROCHO"
D' Klackebild weist e Kruzifix an d'Iwwerreechung vun den Himmelschlësselen un de Péitrus.
[änneren] D'Statuen
[änneren] Den Niklos
Hanne riets am Eck steet op engem Statuestänner un der Mauer eng Niklosstatu mat de Kanner an der Bidden.