Kierch Gréiwemaacher

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Gréiwemaacher Kierch gehéiert zu der Pastoralregioun Osten, dem Parverband Maacher an dem Dekanat Gréiwemaacher. Zoustänneg ass den Dechen François Muller, d'Paschtoueschhaus ass zu Gréiwemaacher.

De Kierchtuerm

Geschichtleches [änneren]

D'Urpar fir Gréiwemaacher war Temmels, zu där Maacher schonns 634 gehéiert huet.

Dat kierchlecht Patronatsrecht hat eng Zäit d'Abtei Iechternach. Am Joer 1277 gouf Maacher der Zisterzienserinnen-Abtei vu Clairefontaine ënnerstallt. Dat blouf esou bis 1794, wéi franséisch revolutionär Truppen déi Éisträichesch Nidderlanden iwwerfall hunn.
Déi éischt Kierch baussent de Stadmauere gouf, wéi et schéngt, am 15. Joerhonnert gebaut. En Dokument aus dem Joer 1628 ernimmt, datt d'Kierch baufälleg war, an nëmme provisoresch gefléckt gouf. Eréischt 1782 krut den Iechternacher Baumeeschter Paul Mungenast den Optrag, fir Pläng auszeschaffen. Mee deem seng Virschléi waren den Zisterzienserinnen ze deier. Schliisslech huet den Anton Neurohr, en Entreprener vun Tréier, déi haiteg Kierch opgeriicht.

Aus Käschtegrënn war et eng einfach Sallkierch ouni vill Dekoratioun. Wéi déi al Kierch, war déi nei un de Wiertuerm vun der Stad ugebaut. Nach haut sinn am Steebuedem aus faarewegem Vogese-Sandsteen d'Plazen ze gesinn, op deenen d'Saile vun der aler Kierch stoungen, déi méi kleng war a parallel zu der Musel stoung.

Fir datt d'Kierch hir Gidder behale konnt, a Masse konnte gehale ginn hat de Paschtouer den Eed gedoen, dee vum revolutionäre Frankräich verlaangt gouf. Well d'Leit net wollten an d'Kierch vun engem goen, dee geschwuer hat, si se op Meechtem an d'Mass gaangen.

Nodeems sech déi franséisch revolutionär Iddie verzunn hate war Gréiwemaacher Dekanatshaaptsëtz an et huet dem Bëschof vu Metz ënnerstanen.
1815 huet den Dechen Trausch en Duxall opriichte gelooss. 1822 goufen Deeler vun der Kierch duerch Feier zerstéiert. 1837 huet d'Uergelmanufaktur Breitenfelder vu Münster déi éischt Uergel gebaut. 1848 gouf den éischte Kierchchouer gegrënnt.

Virum Éischte Weltkrich goufe Sue gesammelt fir eng ganz nei Kierch ze bauen. Well 1918 all däitsch Wäertpabeieren hire Wäert verluer haten, war déi Zäit en Neibau net méi méiglech, an et ass mat Restauréieren ugefaange ginn.
Ënner dem Deche Jean Bormann, dem Staatsarchitekt Jentgen an dem Buergermeeschter Wagner sinn d'Aarbechten 1926/27 ugaangen, déi 1949 konnten ofgeschloss ginn.

1958 koum et zu de leschte Restauratioune virum 2. vatikanesche Konzil ënner dem Dechen Arnould Spautz, dem Architekt Hubert Schumacher an dem Buergermeeschter Victor Prost, bei där ënner anerem d'Kierchmauere bannen en neie Botz kruten.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]