Kierch Hëpperdang

Vu Wikipedia
Kierch vun Hëpperdang
Filialkierch vun Hëpperdang (2014)

Filialkierch vun Hëpperdang (2014)
Filialkierch vun Hëpperdang (2014)
Uertschaft / Plaz Hëpperdang
Par Clierf
Saint-Benoît
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Johannes
Koordinaten 50° 05’ 40.1’’ N
      06° 03’ 34.2’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Hëpperdang ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Clierf Saint-Benoît, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Klierf gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Johannes den Deefer, deem säi Fest de 24. Juni gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Kräizung vun der Duarrefstrooss mat der Grandserstrooss, déi allebéid zum CR339A gehéieren. Ronderëm d'Kierch sinn nach vill Grafsteng vum ale Kierfecht ze gesinn. Säitlech un der Kierch ass de Monument aux Morts fir d'Affer vum Zweete Weltkrich. En zweet Monument nieft der Kierch erënnert un zwéin Zaldote vun den Alliéierten, déi de 27. Mee 1944 zu Hëpperdang mat hirem Mosquito erofgefall sinn an do begruewe sinn. Domat gehéiert de Kierfecht zu de Commonwealth-Griewer.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Hëpperdang. Zur fréierer Par Hëpperdang hunn ausser der Parkierch och nach d'Kapell vu Grandsen an d'Kapell vun Ischpelt gehéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Hëpperdang – Biller, Videoen oder Audiodateien