Kierch Hiefenech

Vu Wikipedia
Kierch vun Hiefenech

Uertschaft / Plaz Hiefenech
Par Mëllerdall Saint-Michel
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Mathias
Konsekratioun 1872
Architekt(en) Antoine Hartmann
Koordinaten 49° 46’ 09.3’’ N
      06° 14’ 23.8’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Hiefenech ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel am Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Hiefenech gehéiert.

D'Kierch ass dem hellege Matthias geweit, deem säi Fest de 24. Februar gefeiert gëtt. D'Niewepatréiner sinn den hellegen Antonius vu Padua an de Jang den Deefer.

Se steet zentral an der Uertschaft op der Haaptstrooss (Op der Strooss), der N14.

Den 9. Februar 2018 gouf si op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Zur fréierer Par Hiefenech gehéiert och nach d'Jakobuskierch zu Reiland.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Als Grënnung vun der Par fënnt een d'Joer 1185[2].

"Op der Lann", do wou elo de Kierfecht ass, stoung fréier eng Kierch, déi 1865/1866 ofgerappt gouf. Och hei war de Patréiner den hellege Matthias.

Déi haiteg Kierch staamt aus dem Joer 1863. Mëtt vum 19. Joerhonnert ass fonnt ginn datt d'Parkierch zu Hiefenech ze kleng wier an du gouf 1851 decidéiert se ze vergréisseren an se anengems komplett ze renovéieren. Den Devis fir déi Aarbechte war mat 13.400,- Frang ugi ginn.

An den nächsten zéng Joer gouf du versicht déi Zomm opzedreiwen, mä et goung net sou richteg virun domat an iwwerdeems ass d'Kierch weider delabréiert. Mëttlerweil gouf och konstatéiert, datt et um Kierfecht bei der Kierch e bëssen enk gi ginn an och d'Schoul donieft misst vergréissert ginn. Sou konnten d'Responsabel vun der Par elo de Gemengerot iwwerzeegen, dat aalt Gemaiers mam Terrain z'iwwerhuelen an hinnen dofir eng nei Kierch opzeriichten. Lo huet just nach den Terrain fir den Neibau gefeelt, mä där Suerg goufen d'Kierchenhären och séier enthuewe wéi eng gewësse Wittfra Altmann hinnen dee matzen am Duerf vermaacht huet.

Als Entreprener gouf e Matthias Kilbourg fonnt an als Architekt gouf den Antoine Hartmann derbäigeholl. De 17. Januar 1862 huet de Gemengerot iwwer en Devis vu ronn 30.000,- Frang debattéiert.

Ee Joer duerno gouf de Grondstee geluecht an dräi Joer méi spéit stoung eng fonkelnei Kierch zu Hiefenech. Well den Hartmann net nëmmen en dichtegen Architekt, mä och en éierleche Mann war huet hie sech mat enger Ofschlossrechnung vu 25.764,60 Frang wäit ënner dem Devis gehalen. Just d'Stengeplättercher waren do net mat abegraff, déi koumen 1870 zesumme mam Kräizwee no. D'Kierchemiwwele goufen am Ufank aus der aler Kierch mat eriwwer geholl an och zum Deel lénks a riets doruechter als Occasioun zesummekaaft.

Den 1. Juni 1872 konnt de Bëschof Adames d'Kierch feierlech konsekréieren.

Weideren Ausbau[änneren | Quelltext änneren]

Vum Moler Aich gouf d'Kierch 1875 bannen ausgemoolt an 1882/1883 koum och dunn d'Kierchtuermsauer. 1886 si véier Beichtstill installéiert ginn, se koumen aus der Weimeschkiercher Kierch. 1902 gouf den Héichaltor geliwwert, e Meeschterwierk vum Housener Konschtschräiner Paul Theves.

Nei Klacke goufen 1923 ugeschaaft an op d'Muttergottes, den hellege Matthias an den hellegen Donatus gedeeft. Déi 4 Klacken am Tuerm lauden am Toun des", b', as' an f'.

1961 koum eng nei Uergel vun der Firma Ch. Haupt & Cie vu Lëntgen derbäi.

Billerstiermerei[änneren | Quelltext änneren]

Et ass warscheinlech dem deemolege Paschtouer Jean-Pierre Jaeger säi Merite, datt bei der Liturgiereform nom Zweete Vatikanesche Konzil net méi zu Hiefenech zerstéiert gouf. Just d'Schallkuppel iwwer dem Priedegtstull an e Beichtstull hu missen dru gleewen. De Priedegtstull gouf méi niddreg gemaach a vu senger Sail ewech op d'Plaz vum "Kinnek-David Beichtstull" geréckelt. Leider sinn awer och d'Holzsklulpture vun de véier Evangeliste vum Priedegtstull verschwonnen.

Déi bis dohi faarwefrou Molereien a Statue goufe gro iwwerpënselt an de Paschtouer selwer huet der Kierch en einfache Volleksaltor gestëft, deen de Bëschof Hengen 1971 konsekréiert huet. Ufank den 1980er Jore gouf bannendran nach eng Kéier nei ugestrach.

Grouss Restauratioun vun 2007-2009[änneren | Quelltext änneren]

Quell[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marc Linden, 2010: Hiefenech, en Duerf - eng Par, Band I: Eng lieweg Par vu fréier an haut, 512 S., Band II: En Duerf a seng Geschicht(en), 464 S., Impr. Centrale

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Hiefenech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Websäit: pvfiels.cathol.lu/paren/par_hef_ge.html Parverband Fiels: Historischer Streifzug durch die Pfarrei Heffingen/Reuland