Kierch Holler

Vu Wikipedia
Kierch vun Holler
Filialkierch vun Holler (2014)

Filialkierch vun Holler (2014)
Filialkierch vun Holler (2014)
Uertschaft / Plaz Holler
Par Ëlwen–Wäiswampich
Saint-François
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Saint-Sauveur
Koordinaten 50° 07’ 24.6’’ N
      06° 02’ 51.3’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Holler ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wäiswampech gehéiert.

D'Kierch huet, geneesou wéi d'Abtei Prüm, zu där Holler fréier gehéiert huet, de Patrozinium Jesus, Erléiser vun der Welt (lat.: Salvator Mundi, fr.: Saint-Sauveur). Den éischte Patréiner ass den hellegen Thomas.

Se steet zentral an der Uertschaft op der Kirichstrooss. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Et ass eng romanesch-gotesch Kierch aus dem Mëttelalter an eng vun den ausdrocksvollsten a schéinste Kierchen aus dem Éislek.

Déi lescht Restauréierung, bei där Fresken aus dem 12. Joerhonnert zum Virschäi koumen, gouf 2011 ofgeschloss.[1]

D'Kierch steet zanter dem Mäerz 2012 als "nationaalt Monument" op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Holler, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Holler huet ausser der Parkierch vun Holler och nach d'Dräifaltegkeetskierch zu Bënzelt an d'Kapell vu Breedelt gehéiert.

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Op enger Héicht geleeën erënnert d'Kierch mat hirer gedrongener Baustatur un eng Wierkierch. De schwéieren a quadrateschen Tuerm, d'Kärstéck vun der Kierch, staamt aus dem 12. Joerhonnert. Zweemol gouf d'Kierch no Westen hi vergréissert; dovun eemol 1859 wou se no Pläng vum Charles Arendt ëm zwee Joche verlängert gouf. Eréischt am 20. Joerhonnert ass d'Sakristei am Oste bäikomm.

Déi einfach, eenheetlech gehale Fassad vun der Kierch, léisst déi architektonesch Schéinheet vum Banneraum net erkennen. Den dräischëffege Kiercheraum zeechent sech duerch kloer geometresch Linnen a Formen aus. Déi liicht, schwongvoll Linne vun de barocken Altär stinn am Géigesaz zu de strengen Architekturlinne vum Kiercheraum, mat sengem spéitromanesch-goteschem Kräizverwëllef mat Rëpper.

D'Kroun vun de Sailen déi d'Verwëllef droen hunn deelweis Dekoratioune mat Schlaangemotiver, an d'Schlosssteng vum Verwëllef sinn och dekoréiert.

Weider sinn an der Kierch Freskemolereien op de Maueren, an e gotescht Sakramentshaische mat Okulus.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Holler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. J R-K (Josette Rinnen), 2012. Erzbischof Jean-Claude Hollerich konsekriert den neuen Altar in der Kirche von Holler am vergangenen Sonntag. Luxemburger Wort vum 17. Juli 2012, S. 21.