Kierch Houschent

Vu Wikipedia
Kierch vun Houschent
Parkierch vun Houschent (2015)

Parkierch vun Houschent (2015)
Parkierch vun Houschent (2015)
Uertschaft / Plaz Houschent
Par Parc Our
Saint-Nicolas
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Schutzengelen
Baujoer 1831
Koordinaten 49° 56’ 45.1’’ N
      06° 04’ 45.1’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Houschent ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Parc Housen gehéiert.

D'Kierch ass den hellege Schutzengele geweit, deenen hiert Fest den 2. Oktober gefeiert gëtt. Niewepatréiner sinn den hellegen Celsus an den hellegen Antonius.

D'Kierch steet op der Kräizung vum Lisseneck mat dem Burewee, nieft dem fréiere Gemengenhaus.

Zur fréierer Par Houschent huet ausser der Parkierch vun Houschent och nach d'Kapell an der Houschter Déckt gehéiert. D'Kierch vun Houschent huet 3 Klacken déi am Schlagtoun Fa Mib an Do och genannt f" es" c" lauden

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1560 gouf eng Kapell zu Houschent fir d'éischt an Dokumenter ernimmt. 1808 ass Houschent eng eegestänneg Par ginn. Déi aktuell Kierch ass vun 1831. Eng Plack mat dësem Datum ass ënnen op der Westsäit vum Kierchtuerm ubruecht. 1870 gouf d'Kierch nach vergréissert. 1933 goufe gréisser Restauratiounsaarbechte gemaach. Dobäi ass se vum bekannte Kierchemoler Nicolas Brücher vun Elleng nei bemoolt ginn. Well se am Zweete Weltkrich staark beschiedegt gi war, gouf se 1947 nees nei opgebaut.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Houschent – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kierchtuermspromenaden: Houschent vum Tessy Glodt