Kierch Huelmes

Vu Wikipedia
Kierch vun Huelemes
Kierch vun Huelmes

Kierch vun Huelmes
Kierch vun Huelmes
Uertschaft / Plaz Hulemes
Par Äischdall-Helpert
Saint-Willibrord
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Sebastian
Desakraliséiert 15.10. 2022
Architekt(en) Antoine Hartmann
Baujoer 1856
(1900, neien Tuerm)
Koordinaten 49° 42’ 45.4’’ N
      06° 03’ 01.4’’ O
Kierchen - Kapellen


D'Kierch vun Huelmes war eng kathoulesch Kierch déi fréier zur Par Tënten gehéiert huet, a vum 7. Mee 2017 bis zur hirer Entweiung de 15. Oktober 2022 zur neigeschafener Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord, dem Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Helperknapp gehéiert huet.

De Patréiner war den hellege Sebastian, deem säi Fest den 20. Januar gefeiert gëtt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den 29. Dezember 1853 gëtt am Téintener Gemengerot decidéiert, datt déi al Kapell zu Huelmes ofgerappt an eng nei, méi grouss Kapell, an hirer Plaz gebaut gëtt. D'Pläng huet de Bauingenieur Antoine Hartmann gezeechent.

D'Aarbechte fänken 1854 un. D'Material vun der aler Kapell gëtt an der neier verbaut. Rafistoléiert gëtt se scho wärend dem Bau: 1855 gëtt en Duxall un den Tuerm gebaut, well gefaart gëtt, datt e géif zesummefalen. Ee Joer drop ass d'Kapell da fäerdeg ginn.

Am Joer 1900 gouf de baufällegen Tuerm ofgerappt a fir 3.000 Frang duerch en neien ersat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Huelmes – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Kierch vu baussen
D'Kierch vu bannen