Kierch Kënzeg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kierch vu Kënzeg
Kierch vu Kënzeg
Uertschaft Kënzeg
Par Kënzeg
Numm / Patréiner Hl. Remigius
Konsekratiounsjoer -
Parverband Nidderkäerjeng
Architekt(en) -
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu Kënzeg ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Kënzeg, zum Parverband Nidderkäerjeng, zu der Pastoralregioun Süden, zum Dekanat Käerch an zu der Gemeng Käerjeng gehéiert. Responsabel ass de Paschtouer Tom Kerger vu Kënzeg.

D'Kierch ass dem Hellege Remigius geweit, deem säi Fest den 1. Oktober gefeiert gëtt. Um Festdag vum Patréiner, dem Remigidag, ass zu Kënzeg déi Kleng Kiermes.

Se steet zentral an der Uertschaft an der Kierchestrooss, dem CR110, géintiwwer vum Gemengenhaus an der Schoul. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1726 ass mam Bau vun der Kënzeger Kierch ugefaange ginn.

1987 gouf se op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.

Uergel[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1939 ass d'Uergel, déi 1887 vun der Firma Wetzel vu Stroossbuerg opgeriicht gouf, vun der Firma Haupt vu Lëntgen ëmgebaut ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Kënzeg – Biller, Videoen oder Audiodateien