Kierch Kaalmes

Vu Wikipedia
Kierch vu Kaalmes
Filialkierch vu Kaalmes (2013)

Filialkierch vu Kaalmes (2013)
Filialkierch vu Kaalmes (2013)
Uertschaft / Plaz Kaalmes
Par Äischdall-Helpert
Saint-Willibrord
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Antonius
Konsekratioun 1859
Baujoer 1857
Koordinaten 49° 43’ 29.7’’ N
      05° 57’ 45.7’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Kaalmes ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord am Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Sëll gehéiert.

De Patréiner ass den hellegen Antonius de Klausener, deem säi Fest de 17. Januar gefeiert gëtt.

Se steet zentral an der Uertschaft op der Haaptstrooss, dem CR301.

Zur fréierer Par Simmer gehéieren ausser der Filialkierch zu Kaalmes och nach d'Parkierch vu Simmer an d'Kapell vun Iener.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1856 ass mam Bau vun der Kierch vu Kaalmes ugefaange ginn fir e méi klenge Bau z'ersetzen deen awer op enger anerer Plaz stoung. Den Altor vun der aler Kierch gouf iwwerholl an déi nei. D'Kierch gouf am Joer 1859 konsekréiert. 1911 krut d'Kierch nei Fënsteren a 1997 gouf se restauréiert.

Lëscht vun de Kapléin, déi zu Kaalmes gewierkt hunn[änneren | Quelltext änneren]

  • Albert Becker, Kaploun zu Kaalmes 03.02.1945 (†)
  • Nic Dostert, Kaploun zu Kaalmes 04.04.1945

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

D'Klacke vun der Kaalmesser Kierch lauden am Schlagtoun mi bémol an do dièse oder och dis an cis genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Kaalmes – Biller, Videoen oder Audiodateien