Kierch Léiweng

Vu Wikipedia
Kierch vu Léiweng
D'Léiwenger Kierch (2013)

D'Léiwenger Kierch (2013)
D'Léiwenger Kierch (2013)
Uertschaft / Plaz
Par Hesper–Réiser–Weiler
Disciples d'Emmaüs
Dekanat Süden-Ost
Numm / Patréiner Hl. Lukas
Architekt(en) J.-P. Koenig
Koordinaten 49° 31’ 38.3’’ N
      06° 07’ 08.1’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu Léiweng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Hesper–Réiser–Weiler Disciples d'Emmaüs, zum Dekanat Süden-Ost an zu der Gemeng Réiser gehéiert.

Se ass dem hellege Lukas geweit, deem säi Fest den 18. Oktober gefeiert gëtt.

De 6. November 2020 gouf s'als national Kulturierfschaft klasséiert.[1]

D'Kierch steet ganz am Süde vun der Uertschaft an der Kierchestrooss (rue de l'Église), enger Sakgaass. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Op der Südsäit vun der Kierch stinn zwee Weekräizer déi a guddem Zoustand sinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch gouf 1914 am nei-romanesche Stil no de Pläng vum Architekt Jean-Pierre Koenig gebaut. Virdru stoung op där Plaz eng Kapell déi joerhonnertelaang ëmmer nees restauréiert gouf. Den Haaptaltor, dee 1753 vum Nikolas Greef vun Altwis ganz aus Eechenholz gemaach gouf, ass aus der aler Léiwenger Kapell an déi nei Kierch iwwerholl ginn. Et kann een eng Statu vum hellege Lukas drop gesinn.

Vum Abrëll bis den Oktober 1933 gouf de Chouer vum Nicolas Brücher vun Elveng ausgemoolt.

1955 krut d'Kierch en neien Ustrach an et gouf eng nei Heizung installéiert.

1970 ass aus der Kommuniounsbänk deen neie Volleksaltor gemaach ginn an d'Kierch krut nees en neien Ustrach.

1979 sinn Aarbechten ausgefouert ginn fir d'Baussemaueren dréchen ze leeën. Dobäi sinn Iwwerreschter un engem réimesche Graf fonnt ginn.

D'Bildche vun der Stackeger Muttergottes[änneren | Quelltext änneren]

Op enger handgeschriwwener Erklärung steet, datt dëst Gnodebild ursprénglech an enger Kapell stoung, déi ëm 1703 op de St-Willibrordi-Gidder op dem Gebitt vun der mëttelalterlecher Wüstung Delingen opgeriicht gouf.

Doniewent stoung eng Einsiedelei, an där bis zur Franséischer Revolutioun 6 Bridder gewunnt hunn. 1753 gouf d'Kapell vum Brudder Simon renovéiert an nei ageriicht, ënner anerem mat enger konschtvoller Muttergottesstatu aus dem Atelier Greef vun Altwis an engem klenge barocken Altor. De Schräiner Specht aus dem Stadgronn huet aus enger aler Eech an där d'Bildchen ursprénglech stoung eng monstranzaarteg Nisch gemaach, déi déi kleng Statu aus der Zäit ëm 1650 geschützt huet. Wéi d'Kapell 1799 verkaaft an 1804 ofgerappt gouf, ass d'Gnodebild mat de Miwwel an d'Léiwenger Duerfkierch koum.

1810 gouf déi aktuell Weekapell um CR186 gebaut an 1885 an 1989 renovéiert.

Dëst Bildchen ass eng hëlze Skulptur, déi 22,5 cm héich, 8 cm breet an 5 cm déif ass. Si ass an engem Kader, dee 55 cm héich, 42 cm breet an 13 cm déif ass. D'Bildche steet an der Léiwenger Kierch, um lénke Säitenaltor ënner der Statu vun der Consolatrix. Niewent dem Altor hänkt eng Tafel mat dësen Informatiounen:

Geschicht:
D'Skulptur staamt aus der Kapell vum "Stackéger Bësch". D'Kapell mat Einsiedelei gëtt fir d'éischt 1712 ernimmt. Si ass warscheinlech wärend dem 30-järege Krich (1618-1648) gebaut an der Allerséilegster Wonnermuttergottes geweit ginn. 1799 ass d'Kapell verkaaft a spéider zerstéiert ginn. D'Skulptur ass an d'Kierch vu Léiweng bruecht ginn, wou se bis haut versuergt gëtt.

Studie:
D'Statu: Et handelt sech ëm en Objet dat an enger Serieproduktioun gegoss ginn ass. Leem gëtt mat de Fangeren an déi 2 Deeler vun der Form gedréckt. déi 2 Deeler ginn zesummegemeet. Wann dat Ganzt aus der Form erausgeholl ass, ginn d'Fouën verbotzt an da gëtt dat Ganzt gebrannt.

D'Polychromie: Déi Léiwenger Muttergottes ass ganz polychroméiert. am Laf vun de Joerhonnerten ass se e puermol ugestrach ginn. 6 Polychromië sinn eng iwwert déi aner ubruecht ginn: een Originalustrach a 5 aner Couche Faarf. Dat ass gemaach gi fir d'Skulptur opzefrëschen oder fir se der Moud vun der Zäit unzepassen oder no engem Accident.

An enger "Fënster" am Mantel vun der Statu kann een ënnert dem Mikroskop gesinn, wat fir Schichten iwwereneen ze fanne sinn:

Original: kräftege roude Rack, net sécher: ocker Fudderduch mat enger ocker Bordür

1. Couche (17. Jh.?): däischter roude Rack, kräfteg rout Fudderduch mat kräfteg rouder Bordür

2. Couche (18. Jh.): wäissen oder gro-rosae Rack, kräfteg rout Fudderduch mat metallesch-gieler Bordür

3. Couche (19. Jh. ?): rout Glasur op metallesch-wäisse Rack, metallesch-wäisst Fudderduch mat metallesch-gieler Bordür

4. Couche : roude Rack, rosa-orangt Fudderduch mat bloer Bordür

5. Couche (virun 1954) an haut siichtbar: rout Glasur op metallesch-gielem Rack, orange Glasur op metallesch-gielem Fudderduch mat metallesch-wäisser Bordür

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Léiweng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).