Kierch Lénger

Vu Wikipedia
Kierch vu Lénger

Uertschaft / Plaz Lénger
Par Kordall
Sainte-Barbe
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Onbefleckt Empfängnis
Koordinaten 49° 33’ 56.2’’ N
      05° 53’ 12.1’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu Lénger ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Kordall Sainte-Barbe am Dekanat Süden-Ost an zu der Gemeng Käerjeng gehéiert.

Se ass der Onbefleckten Empfängnis geweit.

D'Kierch steet zentral an der Uertschaft un der Kräizung vun der rue du Bois mat der Haaptstrooss (rue de la Libération), dem CR111. De Kierfecht ass nieft an hanner der Kierch ugeluecht.

Zur fréierer Par Uewerkäerjeng gehéiert ausser der Filialkierch vu Lénger och nach d'Parkierch vun Uewerkäerjeng.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An der Mëtt vum 19. Joerhonnert ass déi fréier Kapell ofgerappt ginn, déi baussent dem Duerf stoung. Vum Nidderkäerjenger Gemengerot ass 1861 beschloss ginn eng nei Kapell mëtten am Duerfkär vu Lénger ze bauen. D'Kierch ass am neoromanesche Stil gebaut ginn a war 1863 fäerdeg.

Déi lescht Renovéierung war am Joer 1987 ënner dem Paschtouer Emile Schaefers. Dobäi ass en Tabernakel an e Kräiz vun der Kënschtlerin Bettina Sabbatini geschaf ginn.

1987 ass eng elektronesch Uergel ugeschaf ginn.

Den 8. Mäerz 2006 huet den Äerzbëschof Fernand Franck dräi nei Klacke geweit. Déi zwou al Klacke sinn ausgebaut ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Lénger – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Kierch vu Lénger vun der Haaptstrooss aus gesinn (2013)