Kierch Lëllgen

Vu Wikipedia
Kierch vu Lëllgen
Filialkierch vu Lëllgen (2014)

Filialkierch vu Lëllgen (2014)
Filialkierch vu Lëllgen (2014)
Uertschaft / Plaz Lëllgen
Par Wëntger
Sainte-Famille
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Onbefleckt Empfängnis
Konsekratioun 1721
Baujoer 1717
Koordinaten 50° 03’ 29.5’’ N
      05° 56’ 25.0’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Lëllgen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.

D'Kierch ass der Onbefleckter Empfängnis geweit. D'Fest gëtt den 8. Dezember gefeiert.

D'Kierch steet am südlechen Deel vun der Uertschaft. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

D'Kierch vun Lëllgen huet 2 Klacken am Toun h' a'.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch gouf 1717 ënner dem Paschtouer Michaele Pickert gebaut. Se gouf 1721 konsekréiert[1]. 1918 gouf d'Kierch no engem Feier nei opgebaut. Déi zwéi barock Säitenaltär stamen aus dem Greeff-Atelier vu Munneref.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Lëllgen, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Et war déi eenzeg Kierch an dëser Par.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Lëllgen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Chronica Hubertiana" am Buch 250 Joer Poorkiirch am Duerf Kaunerëf, S. 154