Kierch Lëntgen

Vu Wikipedia
Kierch vu Lëntgen
Kierch vu Lëntgen (2007)

Kierch vu Lëntgen (2007)
Kierch vu Lëntgen (2007)
Uertschaft / Plaz Lëntgen
Par Miersch
Saint-François
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Péitrus
Konsekratioun 1900
Koordinaten 49° 43’ 16.8’’ N
      06° 07’ 44.4’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Lëntgen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Miersch Saint-François, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Lëntgen gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Péitrus, deem säi Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.

D'Kierch steet an der Kierchestrooss (Rue de l'Église), dem CR101. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur fréierer Par Lëntgen gehéiert ausser der Kierch vu Lëntgen och nach d'Filialkierch vu Gousseldeng.

D'Kierch vu Lëntgen huet dräi Klacken, déi an der Dispositioun h' a' fis' lauden.

Déi Lëntgener Kierchen[änneren | Quelltext änneren]

Deen éischte Visitatiounsrapport ass aus dem Joer 1570. Déi Lëntgener Kapell hat déi Zäit zwéin Altär an zwéi Kielecher. De Paschtouer vu Miersch, zu där d'Par Lëntgen bis 1804 gehéiert huet, huet all sonndes zu Lëntgen missen eng Mass selwer halen oder vun engem Kaploun hale loossen.

D'Renovéierung[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem d'Gemeng eng gutt Zäit net vill vun enger Renovéierung wollt wëssen, huet sech 1994 eng Majoritéit fonnt, déi mat d'accord war. Dem Architekt Henri Jegen vun Iechternach seng Virschléi goufen ugeholl an den Altor vun 1966, deen ze vill wäit vun de Leit ewech war gouf ewechgerappt, de Boudembelag och. De Buedem vum Chouer (Kierch) an de de Ronnbau virdru goufe mat stenge Placken aus de Grouwe vun Iernzen ausgeluecht. D'Uergel gouf an d'Apsis geplënnert.

Du gouf sech drop g'eenegt, der Kënschtlerin Bettina Sabbatini den Optrag ze ginn, fir neie Mobilier aus Bronz ze schafen. Hir Ariichtung, den Altor, en Ambo, den Tabernakel, den Ouschterliichter an eng Hauf fir den Dafsteen goufen zu Süßen a Baden-Württemberg gegoss.

Statu vum Hl. Péitrus, dem Kierchepatréiner

D'Uergelen[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1952 huet d'Uergelmanufaktur Georges Haupt, déi haiteg Uergelmanufaktur Georg Westenfelder, vu Lëntgen eng Uergel fir d'Parkierch gebaut. Et war déi lescht Uergel vum Georges Haupt, deen de 14. Juni vum selwechte Joer gestuerwen ass. Déi Uergel steet nach um Duxall, se gëtt awer net méi gebraucht.

1984 krut d'Kierch eng nei Uergel vun der Uergelmanufaktur Georg Westenfelder déi am Chouer vun der Kierch opgestallt gouf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Lëntgen – Biller, Videoen oder Audiodateien