Kierch Lëtzebuerg-Belair
| Kierch vu Lëtzebuerg-Belair | |
| Uertschaft | Stad Lëtzebuerg (Belair) |
| Par | Lëtzebuerg-Belair |
| Numm / Patréiner | Hl. Pius X |
| Konsekratiounsjoer | 1957 (9. Mäerz) |
| Parverband | Belair-Märel-Zéisseng |
| Architekt(en) | Laurent Schmit |
| Kierchen - Kapellen | |
D'Kierch vu Lëtzebuerg-Belair ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Belair, zum Parverband Belair-Märel-Zéisseng, zu der Pastoralregioun Lëtzebuerg, zum Dekanat Lëtzebuerg-Ost an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert. Responsabel sinn d'Paschtéier Emile André an de Michel Majerus.
De Grondstee fir d'Belairer Kierch gouf den 30. Mee 1954 duerch de Bëschof Léon Lommel geluecht. Den Haaptpatréiner ass de Poopst Pius X, dee just een Dag virun der Grondsteeleeung vun der Kierch helleg gesprach gouf, zweet Patréinesch ass déi Hl. Theresia vu Lisieux. D'Kierch gouf no de Pläng vum Laurent Schmit gebaut an den 9. Mäerz 1957 vum Léon Lommel geweit. Et war déi éischt Kierch am Land mat engem Tuerm, dee fräi steet, an dee mat sengen 69 Meter den héchsten am Land ass.
Inhaltsverzeechnes |
D'Fënsteren [änneren]
Et handelt sech em Glasbetongfënsteren (dalle de verre) vum François Gillen. Déi 7 grouss hunn als Sujet "L'Eucharistie en rapport avec les 7 oeuvres de la miséricorde corporelle". Vum Altor aus:
- denen déi Honger hunn z'iessen ginn
- denen déi Duuscht hunn ze drenken ginn
- déi déi ken Dach iwwert dem Kapp hu logéieren
- denen déi net ugedoe si Kleeder ginn
- déi Gefaange besiche goen
- déi déi leide besiche goen an hiert Leed erliichteren
- déi Doudeg begruewen
Kräizwee [änneren]
Déi 14 Statioune vum Kräizwee si liicht abstrakt a stame vum Ben Heyart.
Klacken [änneren]
Déi véier Klacke goufen an der Klackegéisserei Causard zu Colmar (F) gegoss.
Déi déck ass dem Poopst Pius X. dem Patréiner vun der Kierch, an déi dräi aner der Helleger Theresia vu Lisieux, dem Hellege Franziskus vun Assisi an dem Hellege Johannes den Deefer geweit.
Uergel [änneren]
D'Uergel gouf de 16. Februar 1958 geseent.
Literatur [änneren]
- Bange Evamarie, 2007, Belairer Kirche feierte fünfzigstes Wiegenfest, ons stad, 84: 50-52 [1]
- 50 Jor Por Belair : 1935-1985 : Brochure