Kierch Lëtzebuerg-Bouneweg
| Kierch Lëtzebuerg-Bouneweg | |
| Uertschaft | Stad Lëtzebuerg (Bouneweg) |
| Par | Lëtzebuerg-Bouneweg |
| Numm / Patréiner | Maria Friddenskinnigin |
| Konsekratiounsjoer | 1965 (27. Juni) |
| Parverband | Lëtzebuerg-Bouneweg |
| Architekt(en) | Pierre Reuter, Léon Loschetter |
| Kierchen - Kapellen | |
Well am Zweete Weltkrich d'Jousefskierch vu Bouneweg aus dem Joer 1888 zerstéiert gouf, huet missen eng nei Kierch gebaut ginn. Dëser hire Grondstee gouf den 23. Oktober 1949 geluecht. D'Pläng ware vun den Architekte Reuter a Loschetter. Déi gebrauchte Materialien a Konschtwierker kommen alleguerten exklusiv vu Lëtzebuerg. Se gouf de 27. Juni 1965 vun de Bëscheef Léon Lommel a Jacques Mangers souwéi dem Abt Petrus Borne vun Tholey geweit, mä se war awer schonns éischter fäerdeg an am Gebrauch.
D'Kierch huet och eng Krypta.
Mosaik [änneren]
De Mosaik op der Baussefassad ass vum Gabriel Loire vu Chartres a weist d'Muttergottes.
Bannenaustattung [änneren]
D'Géigestänn an d'Dekoratioun aus der Bouneweger Kierch stame vu verschiddene Lëtzebuerger Artisten:
- Charles Kohl: Altor vun der Tréischterin am Leed
- Albert Hames: Statue vun der Tréischterin am Leed, Jousefsaltor, zwéin Amboen mat engem Relief drop, Kräizwee (mat 15 Statiounen) aus Steen, Pietà, Dafsteen, Volleksaltor mat der leschter Owesmoolzecht, Häerz-Jesu Statu
- Emile Probst: Kräizegungszeen aus Kofferplacken am Chouer
- Ben Heyart: Mosaik vun der Daf vum Jesus
Fënsteren [änneren]
D'Fënstere si vu François Gillen, Gustave Zanter, Joseph an Emile Probst, a se weisen
- op der lénkser Säit
- Hl. Kunigunde
- Hl. Amalberga
- Séileg Yolanda
- Hl. Irmina
- d'Maria als Kinnigin (am Querschëff)
- op der rietser Säit
- Hl. Willibrord
- Séilege Schetzel
- Hl. Märten
- Hl. Haupert
- d'Maria an der Bibel (am Querschëff)
Uergel [änneren]
D'Uergel ass vun der Firma Kemper vu Lübeck a gouf 1957 vum Bëschof Lommel ageseent.
Literatur [änneren]
- Ons Stad N°79, 2005, S. 19-23, Michel Behm, Bonneweg und seine Kirchen