Kierch Lëtzebuerg-Hamm

Vu Wikipedia
Kierch vun Hamm
Kierch vun Hamm (2012)

Kierch vun Hamm (2012)
Kierch vun Hamm (2012)
Uertschaft / Plaz Hamm
Par Lëtzebuerg
Notre-Dame
Dekanat Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 36’ 36.8’’ N
      06° 10’ 03.5’’ O
Kierchen - Kapellen
Südsäit vun der Kierch

D'Kierch zu Lëtzebuerg-Hamm ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.

D'Kierch ass dem hellege Kräiz geweit. De Festdag ass de 14. September.

Se steet op enger Kräizung op där 4 Stroossen zesummekommen, d'Rue des Peupliers, d'Rue de la Montagne, d'Rue Haute an d'Rue de Hamm. Déi lescht zwou Stroosse gehéieren zum CR225.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Chouer vun der Kierch staamt aus dem 14. Joerhonnert, an gouf 1337 fir d'éischt ernimmt. Zur selwechter Zäit stoung zu Hamm och e Klouschter. 1398 huet de Jost vu Mieren der d'Abtei Almënster d'Klouschter geschenkt.

Am 17. Joerhonnert ass d'Presenz vun engem Wonnerkräiz bekannt, dat Pilger ugezunn huet. 26 Pare solle 1683 op Hamm gepilgert ginn. Besonnesch den 3. Freiden no Ouschtere si vill Leit op Hamm gepilgert. Dat huet bis zur Franséischer Revolutioun gedauert.

De 26. September 1867 ass Hamm eng eege Par ginn. Virdru war et eng Filial vun der Par Sandweiler. Den Theodor Heynes war den éischte Paschtouer vun Hamm. D'Kierch gouf 1902 mam Bau vun engem Kiercheschëff no Pläng vum Architekt Jean-Pierre Knepper vergréissert.

Monumenter nieft der Kierch[änneren | Quelltext änneren]

Op der Südsäit vun der Kierch steet e Weekräiz mat Datum vu 1739, op deem eng gossen Tak un un déi zwéin Doudeger vun Hamm aus dem Éischte Weltkrich erënnert.

Riets dovu sinn op der Fassad vun der Kierch zwou gosse Placke vun der American Luxembourg Society aus dem Joer 1982, ubruecht als Merci un d'Hammer Par fir de Remembrance Day, dee s'all Joer ofhält als Erënnerung un déi amerikanesch Zaldoten, déi hiert Liewe fir Lëtzebuerg gelooss hunn.

Méi wäit riets steet nach e Gedenksteen un d'Affer vun Hamm aus dem Zweete Weltkrich.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Lëtzebuerg-Hamm – Biller, Videoen oder Audiodateien