Kierch Lëtzebuerg-Hollerech
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Hollerecher Kierch gouf an de Joren 1872-1873, no de Pläng vum Staatsarchitekt Charles Arendt am neogotesche Stil gebaut. 1920 gouf se bannena vum Nicolas Brücher bemoolt. Dës Molereie sinn awer bei där éischter Restauréierung verschwonnen. 1978 gouf d'Kierch eng zweete Kéier restauréiert fir se den Neierunge vun der Liturgiereform unzepassen.
Riets a lénks vun der Entréesdier sti Statue vun deenen zwéi Patréiner vun der Kierch, dem Péitrus an dem Paulus.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] "Series pastorum" vun der Par Hollerech
- .......
- Jean Kaiffer vun Altwis, 23.12.1901 bis 23.12.1930
- Joseph Bernardy vun Ierpeldeng, 12.1.1931 bis 1.9.1948
- Mathias Turmes vun Esch-Uelzecht, 1.9.1949 - 31.12.1976
- Jean Heinisch vu Biissen, den Deche vun der Stad Lëtzebuerg war tëscht 1977 an Hierscht 1978 Verwalter vun der Par
- Marcel Calmes vum Lampertsbierg, 1978 bis 1982
- Robert Sibenaler vum Lampertsbierg, 1982 bis ?
..
- Romain Kroeger
[änneren] D'Uergel
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel an der Kierch Hollerech ![]()
[änneren] Literatur
- Ons Stad N°14, 1983, S. 14, Mutterkirche Hollerich