Kierch Lëtzebuerg-Lampertsbierg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kierch Lëtzebuerg-Lampertsbierg
Kirchlampertsbierg.jpg
Uertschaft Stad Lëtzebuerg (Lampertsbierg)
Par Lëtzebuerg-Lampertsbierg
Numm / Patréiner Hl. Jousef
Konsekratiounsjoer 1913
Parverband Lampertsbierg, Rollengergronn
Architekt(en) Nicolas Petit
Kierchen - Kapellen

D'Decisioun fir de Bau vun der Kierch Lëtzebuerg-Lampertsbierg mat ugrenzendem Parhaus ass am Joer 1909 am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg op Wonsch vun der Bevëlkerung geholl ginn. D'Kierch gouf vun 1910 bis 1913 no de Pläng vum Architekt Nicolas Petit gebaut. Den 28. Mee 1911 gouf offiziell de Grondstee geluecht, mä schonn 1910 hat d'Entreprise Giorgetti mam Bau ugefaang. Et ass eng vun de wéinege Kierchen am neoromanesche Stil zu Lëtzebuerg (wougéint déi neogotesch éischter heefeg sinn). Am Joer 1912 ass och di eegestänneg Par Lampertsbierg entstaan, déi bis dohin zur Par "Liebfrauen" gehéiert huet.

Inhaltsverzeechnes

Bannenariichtung [änneren]

Déi haiteg Bannenariichtung staamt aus dem Joer 1976, an deem d'Kierch renovéiert an den neien Ufuerderunge vun der Liturgiereform ugepasst gouf. Esou steet am Chouer eng 6,5 m heich stèle eucharistique déi e Liewensbam duerstellt, mat Motiver aus dem alen Testament (ë. a. Adam an Eva), mam Tabernakel a mat enger interessanter Zeen uewendrop: eng Kräizegungszeen, déi awer gläichzäiteg den operstanene Christus weist (keng Neel, nëmme Wonne sinn ze gesinn; an en ass ugedoen). Dëst ass d'Wierk vum Tréirer Kënschtler Willi Hahn.

Fënsteren [änneren]

Déi net-figurativ Fënsteren am Kiercheschëff si vum André Haagen. D'Muttergottesstatu um lénkse Säitenaltor ass aus der zweeter Hallschent vum 17. Jh., de Jousef op deem anere Säitenaltor ass vum Albert Hames. D'Ställecher am Querschëff stame vun 1913, aus der Iechternacher Basilika, a koumen 1963 op de Lampertsbierg.

D'Paschtéier vum Lampertsbierg [änneren]

  • 1912-1929: Jean-Baptiste Bormann
  • 1929-1932: Isidore Lippert
  • 1932-1944: Théophile Bisdorff
  • 1944-1964: Marcel Feller
  • 1964-1990: Nicolas Sabus
  • 1990-1995: Jean Leyder
  • 1995-2006: Raymond Thomas
  • 2006-  : Paul Goerens

Literatur [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]