Kierch Lëtzebuerg-Stadgronn

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

"

Kierch Hellege Jang den Deefer
D'Kierch vun der Corniche aus gesinn
Uertschaft Lëtzebuerg
Par Lëtzebuerg Stadgronn
Numm Kierch Saint-Jean
Konsekratiounsjoer 1731
Parverband Lëtzebuerg-Notre-Dame
Architekt(en) Hubert Laloir
Kierchen - Kapellen


D'Abteikierch Neimënster, am Volleksmond d'Grënnesch Kierch, offiziell Lëtzebuerg-Stadgronn oder Kierch Saint-Jean gehéiert zum Dekanat Lëtzebuerg-Osten an zu der Pastoralregioun Lëtzebuerg Secteur 1, steet am Stadgronn.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geschicht

1308 gouf d'Kierch "Sankt Johann auf den Steynen" vum Heinrich VII. vu Lëtzebuerg gegrënnt an 1321 gouf se Parkierch.

Am Krich tëscht dem franséische Kinnek François I er an dem Keeser Karel V. gouf 1542 d'Benediktinerabtei Almënster, déi virun de Festungsmaueren am Clausenerbierg louch, zerstéiert an ofgerappt.

Nom Krich hunn d'Benediktiner beschloss hir Abtei am Stadgronn nei opzeriichten. Se krut den Numm Neimënster. Am Joer 1606 gouf d'Abteikierch nei gebaut a 1618 als Parkierch St. Jean benotzt. Bis zu der franséischer Revolutioun hunn d'Benediktiner sech ëm d'Kierch bekëmmert.

Bei der Belagerung duerch d'Fransousen 1684 ass d'Kierch mat der Abtei ofgebrannt. Tëscht 1688 an 1705 gouf se nees opgebaut. D'Pläng si vum Hubert Laloir vu Léck, engem Mataarbechter vum Vauban. 1731 huet de Weibëschof Nalbach vun Tréier se ageweit.

[änneren] D' Schwaarz Muttergottes

Déi Schwaarz Noutmuttergottes mat hirem Barockaltor

An enger Säitennisch op der lénkser Säit vum Kiercheraum steet déi Schwaarz Muttergottes-Statu, och nach Noutmuttergottes genannt.
Si koum 1805 mat dem Barockaltor aus der Abtei Mariendall an de Stadgronn.

Dës Statu aus dem 14. Joerhonnert staamt wuel vun der Parler-Kënschtlerfamill.

Den Albert Hames huet d'Statu restauréiert.

D'Pilgere bei d'Schwaarz Muttergottes dauert vum 1. Freideg an der Faaschtenzäit bis zum Freideg virum Karfreideg.

[änneren] D'Portal vun der Kierch

D'Portal vun der Kierch (November 2008).

Um Portal sinn dräi stenge Statuen ze gesinn:

Déi dräi Statue waren ëm 1700 fir déi deemools nei Kierch gemaach ginn.

2005 gouf d'Portal restauréiert. Gläich drop goufen der Statu vum Benedikt de Staf an déi riets Hand ewechgebrach. Am Juli 2010 gouf d'Statu vun der Scholastika, déi ronn 500 kg gewien huet, vun Onbekannten erausgerappt an zerstéiert.[1][2]

[änneren] Literatur

Langini, A., 1996. L'èglise Saint-Jean. ons stad 51, S. 14-17. PDF

[änneren] Um Spaweck

Commons: Kierch Lëtzebuerg-Stadgronn – Biller, Videoen oder Audiodateien


Muttergottes-Pilgerplazen
Lëtzebuerg: Lëtzebuerg - Stadgronn - Wolz - Léif'frächen - Giischterklaus - Veianer Bildchen- Heeschbrecher Bildchen
Belsch : Banneux - Beauraing
Frankräich : Lourdes - Avioth - Bonne-Fontaine
International : Fátima - Einsiedeln - Montserrat - Altötting - Kevelaer - Loreto - Mariazell - Tschenstochau
Pilgerplaze fir Sportler : Notre-Dame des Cyclistes (F) - Notre-Dame de la Course Landaise (F) - Notre-Dame-du-Rugby (F) - Chèvremont (B) - Nuestra Señora de Dorleta (Es) - Madonna del Ghisallo (It)

[änneren] Referenzen an Notten

  1. Zeugenaufruf: Statue im Stadtgrund entwendet, Luxemburger Wort vum 3. August 2010, Landeschronik.
  2. Akt von Vandalismus - Bitte um Mithilfe, LW vum 28. August 2010, S. 14.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen