Kierch Mäertert

Vu Wikipedia
Kierch vu Mäertert
Parkierch vu Mäertert (2005)

Parkierch vu Mäertert (2005)
Parkierch vu Mäertert (2005)
Uertschaft / Plaz Mäertert
Par Par Musel a Syr
Saint-Jacques
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Onbefleckt
Empfängnis
Konsekratioun 1886
Architekt(en) Pierre Kemp
Baujoer 1886
Koordinaten 49° 42’ 04.7’’ N
      06° 28’ 51.4’’ O
D'Kierch vu bannen

D'Kierch vu bannen
D'Kierch vu bannen
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Mäertert ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Mäertert gehéiert.

D'Kierch ass der Immaculata, der Onbefleckten Empfängnis, geweit. D'Fest gëtt den 8. Dezember gefeiert. D'Niewepatréiner sinn den hellege Sebastian an d'helleg Luzia.

Se steet an der rue du Parc vis-à-vis vun der Schoul.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Kierch stoung um Eck vun der rue du Parc an der rue du Port, op der anerer Säit vun der haiteger Kierch. Si gouf 1831 gebaut. Wéinst ze schlechtem Zoustand a well si och ze kleng war, gouf se vun 1886 un net méi benotzt. 1897 ass si fir 1.200 Frang versteet an 1900 ofgerappt ginn.

Déi aktuell Kierch mat dräi Schëffer an zwéin Tierm gouf 1885-1886 am romanesche Stil no Pläng vum Architekt Pierre Kemp gebaut an den 11. August 1886 geweit. D'Kierch Diddeleng ass hir 1894 an engem méi grousse Moossstaf nogebaut ginn. Och d'Kierch Beetebuerg huet e Glach.

De Paschtouer Nic Stoffel huet si zesumme mat de Parleit an enger bedeitender finanzieller Ënnerstëtzung vun enger Joffer Donkel baue gelooss. Bis haut gehéiert si der Par an ass net, wéi et Usus ass, ënner ziviller Verwaltung.

Bei Renovéierungsaarbechte vun 1965/1966 goufen d'Altär, d'Boiserie, de Priedegtstull an nach aner Saachen erausgerappt a verbrannt. D'Wandmolereien am Chouer goufen zerstéiert a gro iwwerpinselt.

Enn 1999 krut den Interieur vun der Kierch en neien Ustrach a méi waarmen Téin. D'Statuen an de Kräizwee goufen zeréck an hir original Faarftéin ugestrach.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Déi Mäerterter Kierch huet 3 Klacken, déi an der Tounart La, Sol a Fa Dièze, och b' as' ges' genannt, lauden.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Mäertert – Biller, Videoen oder Audiodateien