Kierch Mamer

Vu Wikipedia
Kierch vu Mamer
Parkierch vu Mamer

Parkierch vu Mamer
Parkierch vu Mamer
Uertschaft / Plaz Mamer
Par Mamerdall
Saint-Christophe
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Johannes
Konsekratioun 1932
Architekt(en) Fr. Eydt (1843)
Jos. Jentgen (1931)
Koordinaten 49° 37’ 35.1’’ N
      06° 01’ 21.2’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Mamer ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mamerdall Saint-Christophe, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Mamer gehéiert.

De Patréiner ass den hellege Johannes, deem säi Fest de 24. Juni gefeiert gëtt.

Si steet op der Dippecher Strooss, dem CR102.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Hir Urspréng gi bis an d'Mëttelalter zeréck an d'Par gouf eng éischt Kéier am Joer 983 ernimmt.

Et goufen am Ganze 6 Kierchen op där Plaz nogewisen an zwar:

1996-2002 gouf d'Kierch restauréiert.

Ariichtung[änneren | Quelltext änneren]

De Priedegtstull[änneren | Quelltext änneren]

De Priedegtstull staamt aus dem Joer 1733, an e gouf vum Nicolas Greeff (Jong) hiergestallt. De Priedegtstull ass fräischwiewend. Um Kuerf vum Priedegtstull fënnt een déi véier Evangelisten, de Markus mam Léiw, de Lukas mam Stéier, de Mathäus an de Johannes mam Aadler.Um sechseckege Baldachin schwieft an der der Mëtt den Hl. Geescht a Form vun enger Dauf. Op den Ecke sinn Engelskäpp ze gesinn. Op der Réckwand vum Priedegtstull ass Christus ofgebilt als gudden Hiert. Ënner dem Bild vu Christus steet a gëllener Schrëft EGO SUM PASTOR BONUS.

D'Uergel[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1890 krut d'Mamer Kierch hir éischten Uergel. Déi war gestëft ginn vun enger Elisabeth Rendel. Gebaut gouf d'Uergel vun der berüümter Uergelbaufirma Charles Wetzel vu Stroossbuerg, der Nofollgerfirma vun der Uergelbauerdynastie vun de Silbermann. Schonn déi Uergel hat en aussergewéinlech grousse Manualëmfank fir déi Zäit, an eng metalle mechanesch Traktur. 1932 gouf dës Uergel renovéiert an e Motor agebaut.

Déi aktuell Uergel vun der Mamer Kierch staamt aus den 1960er Joren. Nodeem d'Kierch 1960 renovéiert gi war, huet d'Lëntgener Uergelmanufaktur Haupt eng Offerte eragereecht fir e kompletten Neibau. Dat war no dem Doud vum Uergelbaumeeschter Georg Haupt, wou d'Fabrik vu senger Wittfra weidergefouert gouf, mä 1963 Faillite gemaach huet. Trotz diverse Bedenken gouf e Vertrag mat der nei gegrënnter "Fabrique d'orgues luxembourgeoise s.à.r.l. Lintgen ënnerschriwwen, déi ënner der technescher Leedung vum Lëtzebuerger Uergelbauer Nikki Loewen stoung. Den 10. Januar 1965 gouf d'Uergel, déi bis haut onverännert blouf, ageweit. Si huet 2 Manualer (Haaptwierk a Schwellwierk) an eng Pedall, déi néideg Koppelen, II/I - I/P - II/P, eng fräi Kombinatioun, 4 fest Kombinatioune P - MF - F an Tutti, en Tounschweller um II. Manual, an e Regësterschweller. D'Uergel funktionéiert mat enger elektrescher Traktur a mat "Kegelladen".

Mëtt September 2008 huet den Uergelbaumeeschter Th. Erz vu Wasserliesch domat ugefaangen, d'Uergel ze restauréieren. Dobäi geet et ëm:

  • Ausbau vum komplette Päifewierk
  • Regëstertralktur: Eretze vun den Apparaten duerch elektresch Magnéiter
  • Ëmstelle vum Wandgebléis
  • Nei Raster fir Trompett a Gemshar
  • Nei elektresch Schaltung duerch e rengt elektrescht System, dat mat Hëllef vun engem elektronesch gesteierte Motor gedriwwe gëtt
  • Abau vun enger neier elektrescher Steierung

Den Devis beleeft sech op 87.000 €.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Langini, Alex: Die Kirche in Mamer: seit mehr als tausend Jahren, in: Die Warte. - Luxembourg. - Année 55(2003), n° 16 = n° 2036 (8. Mai), p. [3], ill.
  • Thill, Norbert: Heimat und Mission. - Clairefontaine. - Jg. 78(2004), Nr. 1/2, p. 45-68, ill.
Heimat und Mission. - Clairefontaine. - Jg. 78(2004), Nr. 3/4, p. 69-88, ill.
Heimat und Mission. - Clairefontaine. - Jg. 77(2003), Nr. 9/10, p. 1-24, ill.
Heimat und Mission. - Clairefontaine. - Jg. 77(2003), Nr. 11/12, p. 25-44, ill.
  • Zenner, Roby: Die Pfarrkirche von Mamer, in: Letzeburger Sonndesblad. - Jg. 126(1993), Nr. 45, p. 24, ill.
  • Salentiny, Joseph: Die Pfarrkirche in Mamer, in: 100e anniversaire / Chorale Sainte-Cécile Mamer. - Luxembourg, 1983. - P. 91-104, ill.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eglise Saint-Jean-Baptiste Mamer – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Weihbischöfe in Luxemburg op cathol.lu