Kierch Miersch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel iwwer e reliéist Gebai ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Kierch vu Miersch | |
| Uertschaft | Miersch |
| Par | Miersch |
| Numm / Patréiner | Hl. Méchel |
| Konsekratiounsjoer | 1868 |
| Parverband | Miersch |
| Architekt(en) | Theodor Eberhard |
| Kierchen - Kapellen | |
D'Parkierch vu Miersch gouf Enn vun den 1840er Jore gebaut. Patréiner ass den Hellege Méchel.
Geschicht [änneren]
Déi al Kierch vu Miersch aus dem Mëttelalter war baufälleg. De Grondstee fir déi "nei" Kierch gouf de 24. Juni 1844 vum Apostolesche Vikar Jean-Théodore Laurent geluecht. Den Architekt Théodore Eberhard huet d'Pläng fir dësen neoklassizistesche Bau gezeechent, dee sech um Modell vun der Kierch vu Stenay inspiréiert huet. Si gouf de 7. Februar 1850 duerch de spéidere Bëschof Nicolas Adames ageseent an de 15. Juni 1868 geweit.
D'Molereien am Banneraum goufen tëscht 1934 an 1939 gemoolt a si vum Benediktinerbrudder Notker Heinrich Becker aus der Abtei Maria Laach, deen ëener anerem och d'Molereien an der Parkierch Diddeleng gemaach hat.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Kierch Miersch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Geschicht vun der Par Miersch op parverband-miersch.lu, archivéiert