Kierch Mutfert

Vu Wikipedia
Kierch vu Mutfert

Uertschaft / Plaz Mutfert
Par Par Iewescht Syr
Saint-Esprit
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Agatha
Koordinaten 49° 35’ 17’’ N
      06° 15’ 18.6’’ O
D'Mutferter Kierch no der Renovéierung am Juni 2009

D'Mutferter Kierch no der Renovéierung
am Juni 2009
D'Mutferter Kierch no der Renovéierung
am Juni 2009
Kierchen - Kapellen
D'Kierch aus südwestlecher Richtung gesinn

D'Kierch zu Mutfert ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Iewescht Syr Saint-Esprit, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Conter gehéiert.

D'Patréinesch vun der Kierch ass d'Helleg Agatha, där hiert Fest de 5. Februar gefeiert gëtt.

Se steet zentral an der Uertschaft an der Éiterstrooss, dem CR132.

Zur fréierer Par Mutfert gehéiert ausser der Parkierch vu Mutfert och nach d'Filialkierch vu Méideng.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Par Mutfert ass eng vun den eelsten am Land. Se gëtt 898 fir d'éischt an engem Dokument vun der Abtei Sankt Maximäin vun Tréier ernimmt.

Bis 1600 war den hellege Maximäin de Patréiner. Am Joer 1641 war et den hellege Servatius an déi helleg Agatha. 1712 ass duerch e Blëtzschlag d'Kierch an d'Paschtoueschhaus a Brand geroden. Bal all d'Kierchendokumenter sinn du verbrannt. Well et u Sue gefeelt huet, gouf d'Kierch nëmme provisoresch gefléckt. Wéinst engem Interdikt huet keng Mass méi däerften dra gehale ginn, a keng Sakramenter hunn däerften ausgedeelt ginn. De Paschtouer Nicolaus Eyden (1742-1782) wollt dowéinst eng nei Kierch baue loossen.

Déi haiteg Parkierch gouf 1764/65 vun de Benediktiner vun Tréier am romanesche Stil gebaut.
De 5. Februar 1779 goufe Reliquië vun der helleger Agatha feierlech op Mutfert bruecht an do am Haaptaltor agemauert. Den hellege Jousef gouf den zweete Patréiner vun der Kierch. De Paschtouer Eyden gouf an der Kierch begruewen, grad wéi 1814 de Kaploun Michel Schroeder.

An der Zäit vun der franséischer Revolutioun hat de Paschtouer Zacharias Wellenstein (1782-1828) den Eed op d'Zivilkonstitutioun refuséiert an en huet sech dowéinst misse verstoppen. Eréischt 1801 konnt en nees praktizéieren. Hie gouf an der Sakristei vun der Mutferter Kierch begruewen.

Zu der éischter Vergréisserung vun der Kierch koum et 1875, wéi de Chouer bäigebaut gouf. Am Laf vun 1900 huet de Gemengerot vu Conter decidéiert, en Duxall mat Trap an eng Dafkapell opriichten ze loossen.

Den 9. August 1901 gouf déi éischt Uergel, déi aus der Uergelmanufaktur Bridder Müller vu Reifferscheid aus der Äifel koum, feierlech vum Deche vun der Méchelskierch, dem Bernard Haal an dem Mutferter Paschtouer Hubert Keipes geseent.

Déi éischt méi grouss Renovéierung[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht 1960 an 1965 goufen ënner dem Paschtouer Maurice Beringer vill Aarbechten duerchgefouert:

  • den Daach vun der Kierch an d'Fassad goufen nei gemaach
  • den Duxall ass méi grouss gemaach ginn
  • et gouf en neie Buedem geluecht
  • d'Bänke sinn duerch Still ersat ginn
  • den Haaptaltor, d'Säitenaltär, d'Kommiounsbänk an de Priedegtstull sinn duerch e grénge Marmeraltor ersat ginn
  • de Gustave Zanter huet an der Apsis e monumentaalt Christus-Mosaik ugeluecht.

Den 8. Februar 1960 ass déi 1200 kg schwéier Agathaklack vum deemolege Generalvikar Jean Hengen geweit ginn. Zwou weider Klacke waren du schonn am Tuerm.

De 6. November 1983 gouf d'Uergel déi vun der Firma vun de Bridder Oberlinger vu Windesheim (D) komplett renovéiert a vun 13 op 20 Register erweidert gi war, vum Bëschof Jean Hengen ageweit.

Ënner dem Paradministrator Antoine Nimax ass dee monumentale Marberaltor verkierzt ginn an de 17. September 1987 vum Erzbëschof Jean Hengen konsekréiert ginn. An den neien Altor goufen nees déi Reliquien aus dem fréieren Altor agebaut.

Déi lescht gréisser Renovéierung[änneren | Quelltext änneren]

Déi lescht Renovéierung gouf tëscht dem November 2007 an dem Abrëll 2009 duerchgefouert:

  • Duebelverglasung vun den nei agefaasste Fënsteren
  • Erneierung vun den elektreschen Installatiounen an nei modern Beliichtung
  • Opstelle vu wertvollen Hellegefiguren aus dem Atelier Greef
  • nei kamoud Kierchestill
  • Nei Gestaltung vum Altorraum
  • Komplette Nei-Ustrach

Fir den Ofschloss vun der Renovatioun ze feiere gouf den 28. Juni 2009 eng feierlech Mass a Presenz vum Äerzbëschof an der Kierch gehalen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Mutfert – Biller, Videoen oder Audiodateien