Kierch Rëmerschen

Vu Wikipedia
Kierch vu Rëmerschen
Parkierch vu Rëmerschen (2005)

Parkierch vu Rëmerschen (2005)
Parkierch vu Rëmerschen (2005)
Uertschaft / Plaz Rëmerschen
Par Dräilännereck Musel a Ganer
Saint-Nicolas
Dekanat Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Sebastian
Architekt(en) H. von Banck
Baujoer 1766
Koordinaten 49° 29’ 26.4’’ N
      06° 21’ 03.9’’ O
Kierchen - Kapellen
D'Kierch vum Käpbierg aus gesinn

D'Kierch zu Rëmerschen ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Schengen gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Sebastian, deem säi Fest den 20. Januar gefeiert gëtt.

D'Kierch steet an engem klenge Säitewee vun der Wäistrooss, dem CR152. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur fréierer Par Rëmerschen gehéiert ausser der Parkierch vu Rëmerschen och nach d'Filialkierch vu Wëntreng.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch gouf am Joer 1766 gebaut. Den Tuerm ass aus dem Mëttelalter an huet zur Verdeedegung gedéngt.

D'Kierchenhaus an de Chouer goufen an der Mëtt vum 18. Joerhonnert no Pläng vum Hubertus von Banck aus dem Tiroul gebaut. De barocke Mobilier ass aus dem Atelier Greeff vun Altwis a staamt nach gréisstendeels aus dem Virgängerbau, d'Freskemolerei, vun där nëmmen nach déi véier Evangelistebiller erhale sinn, ass vum Ignatius Millim aus Béimen.

De 17. Januar 1967 gouf d'Kierch mat hirem Mobiliar op d'Lëscht vum Inventaire supplémentaire vun den nationale Monumenter gesat. De 24. Juni 2021 gouf se, zesumme mam Kierfecht, als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Wegführer zu luxemburgischen Kirchen und Kapellen, Office national du tourisme, 1995

Biller[änneren | Quelltext änneren]

De Chouer
D'Uergel
Molerei um Plaffong

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Rëmerschen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).