Kierch Rammerech

Vu Wikipedia
Kierch vu Rammerech
Parkierch vu Rammerech (2014)

Parkierch vu Rammerech (2014)
Parkierch vu Rammerech (2014)
Uertschaft / Plaz Rammerech
Par Rammerech
Saint-Valentin
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Egidius
Koordinaten 49° 49’ 46.3’’ N
      05° 50’ 50.4’’ O
Kierchen - Kapellen
D'Kierch vu Südweste gesinn
D'Kierch vun der Nordsäit gesinn

D'Kierch vu Rammerech ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Rammerech Saint-Valentin an zu der Gemeng Rammerech gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Egidius (St. Gilles), deem säi Fest den 1. September gefeiert gëtt.

D'Kierch steet an der Haaptstrooss (rue Principale), der N23, nieft dem Gemengenhaus. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Den 11. Oktober 2018 gouf d'Kierch mam Kierfecht op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch gouf schonn an engem Visitationsrapport vum 27. November 1628 ernimmt, ass awer warscheinlech schonn am Ufank vum 16. Joerhonnert gebaut ginn. De Patréiner war och deemools schonn den hellegen Egidius.

1733 gouf déi warscheinlech komplett ëmgebaute Kierch nei ageweit.

1895 si gréisser Aarbechten dra virgeholl ginn an ënner anerem gouf en neit Verwëllef agebaut.

1898 si vum Usträicher M. Meysembourg gréisser Molereie no Entwërf vum Kënschtler G. Stummel besonnesch an der Kuppel realiséiert ginn.

1906 krut d'Kierch ënner dem Paschtouer Clemens eng nei Uergel vun der Uergelmanufacktur Müller aus Reifferscheid.

1912 gouf ënner dem Paschtouer Kayser eng Kommuniounsbänk aus faarwegem Marber agebaut, déi 1967 renovéiert an nei opgeriicht gouf.

Wärend dem éischte Weltkrich huet de Paschtouer Wagner et fäerdeg bruecht zwou nei Klacken unzeschafen, déi dann 1924 ageweit goufen.

1927 krut d'Kierch ënner dem Paschtouer Brauch e Kräizgang an 1930 eng nei Sakristei.

Am zweete Weltkrich gouf d'Kierch deelweis zerstéiert, gouf awer duerno ënner dem Paschtouer Hengen nees an d'Rei gesat. D'Molereie goufen an den 1950er Jore renovéiert.

1961 krut d'Kierch ënner dem Paschtouer Neser en neien Duxall an eng nei Uergel. Am Chouer goufen zwou nei Fënsteren agebaut fir eng besser Beliichtung z'erméiglechen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Rammerech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).