Kierch Reiland

Vu Wikipedia
Kierch vu Reiland
Filialkierch vu Reiland (2013)

Filialkierch vu Reiland (2013)
Filialkierch vu Reiland (2013)
Uertschaft / Plaz Reiland
Par Mëllerdall
Saint-Michel
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Jakobus
Koordinaten 49° 45’ 08.4’’ N
      06° 15’ 42.2’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu Reiland war eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Hiefenech gehéiert huet.

Patréiner ass den hellege Jakobus, deem säi Fest de 25. Juli gefeiert gëtt.

D'Kierch steet an der Strooss Bei der Kiirch, net wäit vun der Haaptstrooss, der N14.

Zur fréierer Par Hiefenech huet ausser der Kierch vu Reiland och nach d'Parkierch vun Hiefenech gehéiert.

Bei der Kierch vu Reiland ginn all Joer um 1. Mee d'Päerd an d'Autoe geseent.

D'Kierch gouf de 5. Mee 2022 entweit an ass en Deel vun enger Maison relais.[1]

Bannenariichtung[änneren | Quelltext änneren]

Déi neogotesch Altär, déi fréier an dëser Kierch stoungen, sinn an de 1970er Jore wéinst hirem schlechten Zoustand duerch eng modern Ariichtung aus Marber, Eisen, rouden Email an Holz ersat ginn. Vun deem ale Kierchemobiliar sinn nëmmen déi hëlze Statue vum hellege Jakobus, dem hellege Cyriakus an der Immaculata erhale bliwwen.

Am Joer 2003 ass d'Kierch renovéiert ginn an dobäi ass déi net sou gelongen Ariichtung aus de 1970er Joren duerch eng zäitlos Ariichtung aus Glas a Messeng ersat ginn. An dem neien Altor sinn d'Reliquien vun den hl. Märtyrer vun Tréier.

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Reiland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Marc Linden, D'Reilander Kiermes, e kathouleschen "Dinner for one", Zur Gedenkfeier un eng Kirchewei fir e Gebai, deem viru [sic] de Weiestatus entzu gouf, Luxemburger Wort, Briefe an die Redaktion, 10./11. September 2022, S.15