Kierch Rolleng (Péiteng)

Vu Wikipedia
Kierch vu Rolleng

Uertschaft / Plaz Rolleng
Par Par Kordall
Sainte-Barbe
Dekanat Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Maria Magdalena
Konsekratioun 1935
Architekt(en) Jean Deitz
Koordinaten 49° 32’ 41.8’’ N
      05° 51’ 17.4’’ O
Kierchen - Kapellen
Kräizegungsgrupp

D'Kierch vu Rolleng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Kordall Sainte-Barbe am Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Péiteng gehéiert.

Se ass der helleger Maria Magdalena geweit. Iwwer dem Agank vun der Kierch ass eng Skulptur vun der Maria Magdalena vum Claus Cito. Um Sockel vun der Skulptur steet de Baudatum 1935.

Se steet op der Kräizung vun der Rue de l'Église, der Rue de la Fontaine, der Grand-Rue an der Avenue de la Gare.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch gouf vun 1933-1935 no de Pläng vum Architekt Jean Deitz am Stil vun den 1930er Jore gebaut, mat z. B. engem flaache Plaffong. Se huet eng Kierch aus dem 19. Joerhonnert vum Architekt Antoine Hartmann ersat (den Tuerm ass nach deen alen). Tëscht 1997 an 2000 hu grouss Renovéierungsaarbechte stattfonnt, no de Pläng vum Louis Weisgerber. Den 18. November 2000 huet den Äerzbëschof Fernand Franck d'Kierch mam neien Altor geweit. D'Kräizegungsgrupp vum Albert Hames aus dem Joer 1979 huet eng Plaz hannen am Chouer, iwwer dem Tabernakel fonnt.

Uergel[änneren | Quelltext änneren]

De 15. Januar 2006 huet den Äerzbëschof Fernand Franck eng nei Thunus-Uergel an der Rollenger Kierch ageseent.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

D'Klacke vu Rolleng waren ursprénglech fir d'Kierch vun Hoen bestëmmt. Déi goufen 1862 vum Nicolas Jaclard vu Metz gegoss. Nodeems d'Klacken awer scho fäerdeg waren gouf zu Hoe festgestallt, datt déi Klacke vill ze deier wieren. An der Tëschenzäit war méi eng bëlleg Géisserei fonnt ginn, nämlech d'Firma Goussel Jeune vu Metz. Sou goufen déi zwou Klacken dunn 1863 fir 2.580,60 Frang der Rollenger Kierch verkaaft, nodeems do déi fréier Klack ee Rass kritt hat. Zesumme weien d'Klacke 561 kg.

Nr. Numm Duerchmiesser (cm) Gewiicht (kg) Toun Géisser Gossjoer
1 Antonius 88 g' Nic. Jaclard 1862
2 Donatus 68 c" Nic. Jaclard 1862

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Broschür: Renovatioun vun der Rollenger Poarkierch 1997-2000

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Rolleng (Péiteng) – Biller, Videoen oder Audiodateien