Kierch Rued-Sir
| Kierch Rued-Sir | |
| Uertschaft | Rued-Sir |
| Par | Rued-Sir |
| Numm | Hl. Jakobus den Eeleren |
| Konsekratiounsjoer | 1978 (8. Oktober) |
| Parverband | Widdebierg |
| Architekt(en) | René Schmit Jean Ewert André Hagen |
| Kierchen - Kapellen | |
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht
Rued ass eng ganz al Par, eng éischt Kierch zu Rued gëtt schonns am Joer 1083 ernimmt, an dem Joer wou d'Almënsterabtei gegrënnt gouf an de Grof Konrad vu Lëtzebuerg hinnen deemools d'ecclesiam de Rode geschenkt huet. De richtegen Datum vum Bau as net bekannt.
Den éischte bekannte Paschtouer vu Rued war den Ernst Heistorff. Em 1685 heescht de Paschtouer Joh. Heinrich Lenert. D'Kierch as aarm, an d'Mauere réi, keen hëlze Foussbueden mä e knubbelege Steebelag. De Chouer as hallef zesummegefall an et gesäit éischter no engem Stall aus wéi no engem Gotteshaus.
1738 waren erëm besser Zäiten an et gëtt vun enger Kierch baussent dem Duerf geschwat. Wahrscheinlech sinn déi am Krich zerstéiert Haiser nach net opgebaut ginn. Sou steet d'Kierch, déi a guddem a wierdegem Zoustand ass, eleng um Hiwwel. Aus där Zäit staamt och de lénkse Säitenaltor, den d'Opschrëft dréit: P.W.1728.
Déi haiteg Kierch ("déi Al" genannt) war am Joer 1757 ënnert dem Paschtouer Joh. Filtz (1749-1776) gebaut ginn a gouf de 26. Juli 1757 dem hl. Jakobus geweit. E Gewëllefsteen dréit dës Joreszuel.
[änneren] Déi modern Kierch
An der Nokrichzäit vum 20. Joerhonnert huet sech d'Fro gestallt, ob déi kleng Kierch nach zäitgeméiss wier, sou datt an de Joren 1963-68, ënnert dem Paschtouer Adolphe Krier e Kierchebauveräi gegrënnt ginn ass. Zéng Joer drop sollt dann déi nei modern Kierch entstoen, där hire Grondsteen de 4. Juli 1976 geluecht gouf. Dës gouf den 8. Oktober 1978 geweit an huet ausser dem Apostel Jakobus dem Eeleren als Haaptpatréiner nach d'Mater Dolorosa als zweet Partéinesch.
[änneren] D'Kierch vu bannen
D'Bannenausstattung ass zum groussen Deel vum Egino Weinert, esou:
- den Tabernakel: lescht Abendmahl
- d'Hängekräiz mat engem béidsäiteg bebillerte Medaillon; esou datt een d'Kräiz ka vun zwou Säite weisen: Féisswäschen a Kräizegung
- den Dafsteen: Daf vu Jesus
- de Kräizwee
- de Kräizwee vum Roger Bertemes
- d'Käerzestänneren
- den Ouschterkäerzestänner
- de Muttergottesmedaillon
Den Altor, den Ambo an d'Chouerstill si vum Pauly. D'Fënstere goufe vum Georges Calteux an Ad Deville entworf.
Nieft dem Kräizwee vum Egino Weinert hänkt zënter 1988 en net-figurative Kräizwee vum Roger Bertemes an der Kierch.
[änneren] Literatur
- Georges, Nic; Paschtouer vu Betzder: Kurzgeschichten der Pfarreien" Verfasser Nic Georges 25.7.1987,
- Backendorf, C. Lokalchronik Roodt-sur-Syre, Roodt-sur-Syre, 15.9.1999
- Kierchebauveräin Rued-Sir, 10 Joer nei Parkierch Rued-Sir, 1988