Kierch Saint-Alphonse vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Kierch Saint-Alphonse
D'Paterekierch an der Stad. Lénks d'Klouschtergebai mat der Statu vum hl. Alphonsus um Eck.

D'Paterekierch an der Stad.
Lénks d'Klouschtergebai mat der
Statu vum hl. Alphonsus um Eck.
D'Paterekierch an der Stad.
Lénks d'Klouschtergebai mat der
Statu vum hl. Alphonsus um Eck.
Uertschaft / Plaz Lëtzebuerg
Par Lëtzebuerg
Notre-Dame
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Téiwes
Koordinaten 49° 36’ 47.4’’ N
      06° 07’ 48.5’’ O
Kierchen - Kapellen
Ieweschten Deel vum Haaptportal
Statu vum hl. Alphonsus um Klouschtergebai
Statu vum hl. Alphonsus am Klouschtergaart

D'Kierch Saint-Alphonse zu Lëtzebuerg, meeschtens Paatrekierch (och Paterekierch oder Paterkierch) genannt, ass eng réimesch-kathoulesch Kierch am neoromanesche Stil am Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg.

Se ass d'Kierch vun der Kongregatioun vun de Redemptoristepateren an huet als Patréiner de Grënner vun der Kongregatioun, den hellegen Alphonse de Liguori, deem säi Fest den 1. August gefeiert gëtt.

D'Kierch steet an der Uewerstad op der Kräizung vun der Kapuzinergaass (rue des Capucins) mat der Beaumontsgaass (rue Beaumont). Nieft der Kierch, déi 1858 ageweit gouf, ass d'Gebai mam Klouschter vun de Redemptoristen.

D'Kierch gouf den 10. Dezember 2014 proposéiert fir op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter[1] gesat ze ginn, wat de 14. September 2018 och accordéiert gouf.

De 26. Juli 2019 huet sech am Haaptschëff de Buedem ëm 20 cm gehuewen, dat wéinst der grousser Hëtzt dobaussen an der Fiichtegkeet ënner de Plättercher[2],[3],[4].

D'Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Opfalend sinn déi zwéi relativ niddreg Kierchtierm. Si duerfte wéinst der Plaz wou d'Kierch opgeriicht gouf, direkt nieft der Festungsmauer vun der Stad, net méi héich gebaut ginn. D'Kiercheschëff awer gouf opfälleg héich erop gebaut, dat fir am dicht verbaute Quartier genuch Luucht anzefänken.

Déi zwéin Tierm sti getrennt vum Haaptkiercheschëff, dat iwwer eng Passerell mam Nordtuerm verbonnen ass.

Haaptportal[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer der Entrée gesäit een den Emblem vun de Redemptoristen, woura steet: Copiosa apud Eum Redemptio (Bei Him gëtt et Erléisung am Vollen). Am Bou driwwer stinn d'Joreszuelen A 1856 (lénks) an Ω 1858 (riets)[5]. Dertëscht steet: Omnes gentes quascumque fecisti venient et adorabunt coram te Domine Ps 85. (All Vëlker déis Du erschafen hues, wäerte komme fir Dech unzebieden, o Här; Psalm 85, 9-13).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wéi ëm 1850 d'Kapell vun de Redemptoristen an der Kapuzinerstrooss ze kleng gi war, huet d'Kongregatioun de Bau vun enger neier Kierch an der selwechter Strooss geplangt.

Déi preisesch Festungskommandantur huet sech d'éischt géint de Plang gewiert, dat well d'Gebai ze no un d'Festungsmaueren eru kéim. Wéi dunn awer d'Héicht vun den Tierm niddreg gehale gouf, konnt den 10. September 1856 mam Bauen ugefaange ginn. D'Kierch gouf am neoromanesche Stil no de Pläng vum Antoine Hartmann gebaut. D'Fonge koumen deels vun enger Kollekt, déi am ganze Land organiséiert gouf, an deels vun der Œuvre de la propagation de la foi vu Lyon.[6] De Bau huet deemools 109.878 Frang kascht.[7] D'dreiwend Kraaft vum Bau vun der Kierch war de Pater Johann Ambrosius Zobel.[8]

Den 29. Juli 1858 gouf d'Kierch vum Provikar Nicolas Adames ageweit.[9]

Den 9. Mee 1859 sinn d'Reliquie vum hl. Théophile, déi de Pater Zobel 1855 vu Roum matbruecht hat[10] an déi bis elo am Haus vun de Redemptoristepatere louchen, feierlech an der neier Kierch bäigesat ginn.[11]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hartmann, A., 1859. Die St. Willibrordus-Basilika in Echternach und die St. Alphonsus-Kirche in Luxemburg. Publications de la Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le Grand-Duché de Luxembourg, 14 (1858), S. 177-181.
  • Père Ludmann, Père Ulrich a Frère Gérard, 2005 (2. Editioun). Eglise Saint Alphonse Luxembourg. 20 S. Dréckerei Faber, Miersch.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Saint-Alphonse vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Buedem huet sech 20 cm gehuewen, D'Diere vun der Pater-Kierch an der Uewerstad sinn zou op rtl.lu, gelies den 13.8.2019
  3. Phänomen Paterkierch: E Buedem geréit ausser Kontroll op rtl.lu, gelies den 18.8.2019
  4. (nas) Warten auf das Gutachten. Nach der plötzlichen Schließung der Paterekierch ist das Mittelschiff bis auf Weiteres nicht zugänglich. Luxemburger Wort vum 16. August 2019, S. 22.
  5. A (Alpha, d. h. Ufank) 1856, d'Joer an deem mam Bau vun der Kierch ugefaange gouf, an Ω (Omega, d. h. Enn) 1858, d'Joer an deem se ageweit gouf
  6. D'Œuvre de la propagation de la foi gouf den 3. Mee 1822 zu Lyon gegrënnt, mam Zil d'kathoulesch Missiounen an der ganzer Welt z'ënnerstëtzen. Cf [1]
  7. Hartmann 1859, S. 180.
  8. Beschreibung der St. Alphonsuskirche in Luxemburg. Luxemburger Wort 1858, Nr. 76 (8. August), S. 1-2. [2] Kuckt och: E. Feitler, 1954. Luxemburg, deine Heimatstadt. 2. Auflage. Luxemburg, S. 109
  9. Die Einsegnung der St. Alphonsuskirche. Luxemburger Wort 1858, Nr. 74 (1. August), S. 1-2. [3]
  10. Eng Beschreiwung vun de Reliquie gouf 1855 am Luxemburger Wort publizéiert: Luxemburger Wort 1855, Nr. 93 (8. August): 3 (Inland). [4]
  11. Luxemburger Wort 1859, Nr. 38 (12. Mai), S. 2-3. [5]. Wéi de Pater Zobel un d'Reliquie komm ass a wéi se op Lëtzebuerg koumen, huet de Pierre Zender 1894 beschriwwen, cf. Luxemburger Wort 1894, Nr. 83/84 (24./25. Mäerz), S. 2 (P. Joh. Ambrosius Zobel, 17. Fortsetzung). [6]