Kierch Saint-Pierre vu Baaschtnech

Vu Wikipedia
De Plaffong vum Chouer

D'Kierch Saint-Pierre vu Baaschtnech, ass eng vun den eelste Kierchen an der belscher Provënz Lëtzebuerg. Mat dem Bau vun der Kierch gouf am 7. Joerhonnert ugefaangen. A Schrëftstécker gëtt se fir d'éischt 893 ernimmt.

D'Plaz ronderëm d'Kierch gouf Cour Saint-Pierre genannt an zanter dem 13. Joerhonnert, huet se Piconrue geheescht. Doduerch hat de Paschtouer vu Baaschtnech laang de Spëtznumm Seigneur de Piconrue. Vum 10. Joerhonnert war se d'Kierch vun engem groussen Dekanat a gouf och deementspriechend ëmgeännert a vergréissert. 1236 gouf d'Kierch vun de Lécker a Brand gestach an zu engem groussen Deel zerstéiert. Duerno gouf se vergréissert a krut dräi Schëffer. D'Vergréisserunge sinn dropzeféieren, datt d'Baaschtnech am Ufank vum 14. Joerhonnert de Rang vun enger Stad krut. Am Laf vum 15. an am Ufank vum 16. Joerhonnert gouf se nees eng Kéier ëmgeännert, an d'Schëffer goufen am spéitgotesche Stil opgeriicht, sou wéi se haut nach do stinn, mat Ausnam vum Nordwestlech Eck, un deem Enn 19. an Ufank 20. Joerhonnert nach geschafft gouf.

1536 goufen d'Verwëllefer mat Molereien dekoréiert, an 1848 goufen d'Molereie vum F. Delwiche restauréiert, an 1954 huet den C. Leegenhoek vu Bruges nach eng Restauratioun gemaach.

D'Kierch huet e massive véiereckegen Tuerm, deen engem Buergfrid gläicht, wéi vill Kierchen aus dem Mëttelalter der hunn. En huet en Ëmfang vu 44 Meter. Den ënneschten Deel vum Tuerm ass aus dem 11. Joerhonnert, an den ieweschten aus dem 12. Den Daach huet d'Form vun enger Pyramid an ass mat Leeë gedeckt. En ass 40 Meter héich.

Dat remarkabelst Element bannen an der Kierch ass dat gemoolte Verwëllef. An deene Molereie si vill Personnagen aus dem alen an neien Testament, vu Korporatiounen a Brudderschaften aus dem Mëttelalter, Adlegen a Baueren, an e ganze Koup vu symbolesche Sujeten. Op ville Plazen ass den hellege Péiter ze gesinn, de Patréiner vun der Kierch. D'Haaptthema ass de chrëschtleche Glawen an deem seng Geschicht, déi an enger Serie Tableaue duergestallt ass, ugefaange mat der Kreatioun bis zum Ament an deem den hellege Geescht iwwer d'Apostelen erofkoum.

Eng zweet Serie symboliséiert den Afloss vu Christus op d'Mënschheet, a geet vum Ufank vun der Verbreedung vum Evangelium bis an dat 16. Joerhonnert.

E besonnesche Wäert gouf op d'Duerstellung vun de Korporatiounen an de reliéise Brudderschafte geluecht, déi e groussen Deel vun de Käschte gedroen haten. Aner Donateure wéi verschidden Adleger goufen och net vergiess. En ettlecher kënnen unhand vun hire Wopen identifizéiert ginn.

Déi al Fënstere ware wärend der Ardennenoffensiv zerstéiert ginn, a goufen eréischt 1969 ersat. D'Fënstere vum Chouer kommen aus dem Atelier vum franséische Moler a Glasmécher Maurice Rocher (1918-1995). An de Schëffer sinn 11 Fënstere vum L. Londot a vum A. Romainville.

Den Haaptaltor ass dat eelst Stéck an der Kierch. E gëtt op d'11. Joerhonnert datéiert. D'Saile sinn aus der selwechter Zäit. Just eng dovun, déi aus rosae Sandsteen ass, staamt aus dem 16. Joerhonnert.

Den Dafsteen ass aus dem 12. Joerhonnert. E steet op engem massive Sockel, deen aus véier Saile besteet. De Komp selwer ass aus bloem Steen vun der Meuse an et si véier Männerkäpp drop ze gesinn. De Fer forgés Deckel ass vum Pierre Scholtus. Déi barock duebel Dier vum Dafraum gëtt engem Schüler vum Jean-Georges Scholtus zougerechent.

De barocke Priedegtstull ass e Meeschterwierk vum J.-G. Scholtus aus de Jore 1700-1710. Bei sengem Fouss steet den hellege Péiter tëscht zwéin Engelen. D'Kanzel ass mat véier Personnagen dekoréiert, déi d'Relioun, d'Hoffnung, d'Kraaft an d'Baarmhäerzegkeet duerstellen. Dertëscht si Medaillonen déi déi Helleg August, Jerôme a Gregoire duerstellen.

De Schalldeckel ass aachteckeg, an d'Haaptelement ass eng Fraefigur, déi de Glawe symboliséiert, an déi eng Tiara ophuet, als Symbol vun der militanter Kierch. An der rietser Hand hält si e Kielech mat enger Hostie driwwer, an der lénkser eng Lanz, déi s'an eent vun de siwe Mailer vun engem Monster stécht. D'Trap gëtt vun enger Statu vum Kinnek David bewaacht.

D'Liichterkränz sinn aus dem 19. Joerhonnert, mat Ausnam vun deem, deen an der Mëtt vum Zenralschëff hänkt, deen aus dem 16. Joerhonnert ass.

Beim Tuerm ass eng Grafleeung ze gesinn, déi aus dem 16. Joerhonnert ass, an déi aus dem fréieren Trinitarierklouschter kënnt, dat an der Zäit vun der franséischer Revolutioun suppriméiert gouf.

De Marienaltor kënnt aus der Abtei vu Géronsart an huet en Helleg-Häerzaltor ersat. Et ass e Wierk vum brabännesche Sculpteur Walter Pompe.

Beim Portal stoung fréier e Grafstee vum Paschtouer Laurent Honoré, dee 1783 gestuerwen ass. Dee Steen ass elo am Musée en Piconrue ze gesinn.

Lëscht vun den Dechen[änneren | Quelltext änneren]

..

  • Nic Parmentier 1828-1856
  • Chr.-Joseph Mouba 1856-1871

...

  • Georges Galand 1971-2003
  • Jean-Maurice Jacques 2003-

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Saint-Pierre vu Baaschtnech – Biller, Videoen oder Audiodateien