Kierch Schous

Vu Wikipedia
Kierch vu Schous
Filialkierch vu Schous (2014)

Filialkierch vu Schous (2014)
Filialkierch vu Schous (2014)
Uertschaft / Plaz Schous
Par Par Miersch
Saint-François
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Johannes
Baujoer 1823
Koordinaten 49° 44’ 59.7’’ N
      06° 10’ 12.6’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Schous ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Miersch Saint-François, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Fëschbech gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Johannes den Deefer, deem säi Fest de 24. Juni gefeiert gëtt.

Si steet an der Rollengerstrooss (CR120) net wäit vun der Kräizung mat der Haaptstrooss (CR120, respektiv CR120A).

Den 11. Februar 2022 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Fëschbech gehéieren ausser der Filialkierch vu Schous och nach d'Parkierch vu Fëschbech an d'Kapell vu Weyer.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch gouf 1823 gebaut. Iwwer dem Kiercheportal ass eng Skulptur vum Jang dem Deefer vu 1470, déi aus enger Virgängerkapell hier kënnt, a vun engem Här vu Meesebuerg gestëft gewiescht soll sinn. Och vun enger fréierer Klaus goufen Elementer mat verbaut. Den spéitbarocken Altor aus dem spéiden 18. Joerhonnert ass och aus enger anerer Kierch.

1962 gouf de Verbotz op der Säit vum Portal ewechgemaach a bannenan e Verbotz opgedroen. Den Daach gouf gehéicht a verlängert, d'Entrée méi breet gemaach an d'Fläch tëscht dem Tuerm an dem Portal gouf ervirgehuewen a krut en Ustrach.[2]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Schous – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Ministère de la Culture, Service des Sites et Monuments: Nationale Inventarisierung der Baukultur im Großherzogtum Luxemburg: Kanton Mersch, Gemeinde Fischbach. Luxemburg 2018, S.186-189.