Kierch Schuller

Vu Wikipedia
Kierch vu Schuller

Uertschaft / Plaz Schuller
Par Mess–Réibierg
Sainte-Famille
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Onbefleckt
Empfängnis
Koordinaten 49° 34’ 54.4’’ N
      05° 57’ 32’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Schuller ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mess-Réibierg Sainte-Famille, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Dippech gehéiert.

D'Kierch ass der Onbefleckter Empfängnis geweit. De Festdag ass den 8. Dezember.

Se steet an der rue de l'Église, dem CR103, net wäit vun der Kräizung mat der N5.

Den 29. September 2021 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Schuller gehéiert ausser der Parkierch vu Schuller och nach d'Filialkierch vu Sprénkeng.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch vu Schuller ass tëscht 1883 an 1885 gebaut ginn.

D'Kierchefënstere si vum Jean Zanter, dem Jong vum Gustave Zanter.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Schuller – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).