Kierch Simmer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Parkierch vu Simmer
Kierch vu Simmer
Uertschaft Simmer
Par Simmer
Numm / Patréiner Hellege Martin
Konsekratiounsjoer 1317
Parverband Helpert
Architekt(en) -
Kierchen - Kapellen

D'Parkierch vu Simmer ass dem hellege Martinus geweit an huet als Niewepatréiner d'helleg Rochus a Sebastian.
Se gehéiert zum Parverband Helpert, am Dekanat Miersch, an der Pastoralregioun Zentrum.
Paschtouer ass den Abbé Joël Santer, deen zu Bruch wunnt.

1961 gouf d'Simmer Kierch mam Kierfecht ronderëm als Monument national klasséiert.

Inhaltsverzeechnes

Geschicht [änneren]

Enger Legend no ass de Keeser Heinrich VII am Joer 1313 zu Buonconvento (bäi Siena) am Aarm vu sengem Frënd Thomas von Siebenborn gestuerwen. De Thomas wier dono op Simmer zréckkomm an hätt do déi éischt Kierch bauen gelooss, déi 1317 konsekréiert gouf. An de Joren 1516 a 1716 ass si ëmgebaut ginn. Déi lescht gréisser Restauratioun vun der Kierch war 1996 ënner dem Architekt A. Leer.

Kierch vu Baussen [änneren]

Bei der Simmer Kierch handelt et sech em eng dräischëffeg Kierch. D'Mëttelschëff huet déi duebel Breet vun den Säiteschëffer. Déi zwee éischt Joche vum Mëttelschëff si quadratesch, während dat drëtt eng rechteckeg Form opweist.

De massive romaneschen Tuerm stellt en Iwwerrescht vun enger wahrscheinlech eeschëffeger Kierch aus dem 12. oder fréien 13. Joerhonnert duer, deen no 1315 an den dräischëffegen Neibau integréiert gouf.

Kierch vu Bannen [änneren]

An der Kierch sinn eng Partie Barockstatuen, an zwou gotesch Grafplacken ze gesinn. Et sinn d'Grafplacke vun der Margareta († 1512) a Jean de Raville (†1540).

Um Enn vum 17. Joerhonnert gouf vum Nikolaus Koenen eng Pietà skulptéiert, déi fréier um Haaptaltor stoung ier se hir Plaz am Chouer vum südleche Säitenschëff, der fréierer Dafkapell, fonnt huet.

Kierch vu Simmer

Virun der Nordempore fënnt een eng fir Lëtzebuerg eenzegaarteg Grablegungsgrupp aus der Mëtt vum 16. Joerhonnert. Di grouss Figuren am Renaissance-Stil stellen den Nikodemus, d'Jongfra Maria, de Jünger Johannes, d'Maria Magdalena, d'Maria Kleophas, d'Maria Salome an de Josef vun Arimathäa duer. De kënschtleresche Wäert läit an der realistescher Duerstellung vun de Gesiichter an de Geste vun de Fraen.

D'Kierch huet zwou Klacken. Déi eeler ass aus dem Joer 1471 an et steet op hir geschriwwen: Osana heischen ich Clais van Echternach der gahs mich in de iarrr uns Hn MCCCCLXXI. Déi zweet Klack koum 1947 an den Tuerm. Si huet d'Sebastiansklack aus dem Joer 1704 ersat.

Fir ze liesen [änneren]

  • Jean-Pierre Kunnert Die Pfarrkirche Sankt Martin in Simmern-Septfontaines; Lindenberg : Kunstverl. J. Fink, 2007.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Kierch Simmer – Biller, Videoen oder Audiodateien