Kierch St. Gangolf (Tréier)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e reliéist Gebai ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Tuerm vun der St. Gangolfkierch

D'St. Gangolf Kierch, ass eng Kierch an der Stad Tréier an nom Tréierer Doum déi eelst Kierch vun der Stad.

Déi barock Paart mam hellege Gangolf

Se steet verstoppt hanner den Haiser vum Tréierer Haaptmaart. De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Gangolf.

Baugeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Eng éischt Maartkierch aus dem Joer 958 gouf am spéiden 13. Joerhonnert duerch en Neibau ersat. Dat spéitgotescht Gebai, sou wéi et haut ze gesinn ass, geet op eng Erneierung ufangs 15. Joerhonnert zeréck, véier Tiermgeschëss stame nach aus dem Joerhonnert virdrun.

Den imposanten Tuerm gouf 1507, fir dem Doum Konkurrenz ze maachen, duerch eng Stëftung vun der Buergermeeschter- a Metzlechwitfra Adelheid von Besselich ëm zwéi Stäck gehéicht. Den 62 m héijen Tuerm huet dunn d'Tierm vum Doum iwwertraff. Den deemolegen Äerzbëschof huet sech dat awer net gefale gelooss an huet séier ee weidere Stack op de südwestlechen Doumtuerm setze gelooss.

Duerch eng barock Paart, déi 1731-1732 vum Augustinerbrudder Josef Walter gebaut gouf, kënnt een an déi ronderëm zougebaut Maartkierch.

D'Kierch ass 33,40 Meter laang an 12,10 Meter breet.

D'Kierch vu bannen[änneren | Quelltext änneren]

Dafsteen[änneren | Quelltext änneren]

De bronzenen Dafsteen aus dem 13. Joerhonnert ass dat eelst Stéck aus der Kierch. Op dem Steen ass ze liesen:

HOC DEUS HAC MUNDA SACRIS BATISMATIS UNDA

an

QUIDQUID PRIMUS HOMO PECCAVIT TRADUCE POMO

De Chouer[änneren | Quelltext änneren]

Am Hannergrond vum Chouer ass eng Fresk vum Tréirer Moler August Gustav Lasinsky aus dem Joer 1850. Et ass déi eenzeg Fresk vun där Gréisst déi et nach an den Tréirer Kierche gëtt.

Madonna ëm 1320
Kräiz um Haaptaltor
Detail vum Plaffong am Säiteschëff

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: St.Gangolf in Trier – Biller, Videoen oder Audiodateien