Kierch Stengefort

Vu Wikipedia
Kierch vu Stengefort

Uertschaft / Plaz Käerch
Par Äischdall Saint-François
et Sainte-Claire
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Walburga
Architekt(en) J.P. Knepper
Koordinaten 49° 39’ 33.4’’ N
      05° 54’ 55.8’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu Stengefort ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Äischdall Saint-François-et-Sainte-Claire an zu der Gemeng Stengefort gehéiert.

DPatréinesch ass d'Helleg Walburga, där hiert Fest de 25. Februar gefeiert gëtt.

Se steet zentral an der Uertschaft op der Lëtzebuerger Strooss (rue de Luxembourg), der N6.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

En éischt reléist Gebai zu Stengefort ass duerch en Dokument aus dem Joer 1738 beluecht. Dat war eng Kapell, déi do stoung, wou sech déi haiteg Areler Strooss an de Kiem kräizen. Ëm 1830 gouf d'Strooss Stengefort-Arel neigemaach, an d'Kapell gouf ofgerappt. Se gouf tëscht 1843 an 1845 duerch méi eng grouss Kapell ersat, déi der helleger Walburga an dem hellegen Haupert geweit war.

Nodeem d'Gemeng Stengefort 1870 de Statut vun enger Par krut, an d'Bevëlkerungzuel reegelméisseg geklommen ass, krut d'Uertschaft um Ufank vum 20. Joerhonnert enge eege Parkierch. D'Pläng ware vum Distriktsarchitekt Jean-Pierre Knepper vun Dikrech.

D'Kierch gouf tëscht 1906 an 1908 gebaut. Et ass en eeschëffegt Laanghaus mat engem Suedeldaach an et huet eng Eentuermfassad. E polygonale Chouer (Kierch)Chouer ass op der Südsäit.
D'Kiercheschëff selwer ass a sechs Fënsterachsen (Jachen) opgedeelt. Déi héich ugesat Fënstere mat spatze Béi weise Kreesmotiver.

Fir de Bestëmmunge vum 2. Vatikanesche Konzil z'entspriechen, gouf d'Kierch 1966 komplett renovéiert. E gudden Deel vum Mobiliar an e puer Statue goufe liquidéiert, ier 1982 d'Kräizegungsgrupp aus der Kierfechtskapell an d'Kierch geplënnert gouf.

1991 goufen nei Statue vun de Kierchepatréiner, der Walburga an dem Haupert ageseent. Allebéid si vum Südtiroler Sculpteur Andreas Resch.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Stengefort – Biller, Videoen oder Audiodateien