Kierch Wëlwerwolz
| Kierch Wëlwerwolz | |
| Uertschaft | Wëlwerwolz |
| Par | Pënsch |
| Numm / Patréiner | Hellege Willibrord |
| Konsekratiounsjoer | 28. Juli 1963 |
| Parverband | Kiischpelt |
| Architekt(en) | Léon a Guillaume Gaul |
| Kierchen - Kapellen | |
Geschicht [änneren]
Den Numm Wëlwerwolz kënnt vu “Willibrordus-Wiltz” ("Wylwert", "wulwer", "wulfert" sinn al volkstümlech Bezeechnunge fir de Willibrord). Déi eelsten Urkund, déi mer vu Wëlwerwolz kennen, ass eng Schenkung vu 768-69, wou Lännereien zu Wëlwerwolz un d'Abtei Iechternach verschriwwe goufen.
Enger aler Legend no ass de Willibrord selwer duerch dës Géigend gezunn an huet engem Bauer déi Quell geschenkt, déi haut nach do ass: de Willibrordusbur. 1934 gouf d'Quell nei gefaasst an eng Kapellchen driwwer gebaut.
D'Gebai [änneren]
Déi al Kierch vu Wëlwerwolz war d'Kapell vum Schlass (Herrschaft vu Wëlwerwolz). 1963 ass eng nei Kierch ageweit ginn, déi al Kierch war net méi gutt genuch.
Patréiner [änneren]
De Patréiner vun der Kierch ass den Hl. Willibrord.
De Mobiliar [änneren]
D'Altär lénks a riets an der neier Kierch sinn aus dem 18. Joerhonnert. Den Altor lénks ass 1745 konsekréiert ginn, an ass dem Hl. Wendelin geweit.
Allen zwéi goufe se 1964 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Inventaire supplémentaire agedroen.
D'Statuen [änneren]
Um Altor riets steet eng al Statu vum Hl. Willibrord. Aus derselwechter Zäit sinn déi zwou Statue vun de Gebridder Ewald, dem Hl. Willibrord seng Gefährten. Iwwer dem Hl. Willibrord fanne mer eng Duerstellung vun der Hl. Katharina vum Jean-Georges Scholtus aus dem 18. Joerhonnert.
Uergel [änneren]
D'Uergel, mat enger elektropneumatischer Traktur, ass vun der Uergelmanufaktur Georg Stahlhuth vun Oochen gebaut ginn. Si huet 19 Regëster, déi op 2 Manualen an d'Pedall verdeelt sinn. D'Uergel selwer steet ënner Denkmalschutz. Si gouf 1914 fir d'Dominikanerinneklouschter um Lampertsbierg gebaut an ass 1997 vun der Uergelmanufaktur Georges Haupt an 2010 vun der Uergelmanufaktur Georg Westenfelder restauréiert ginn.
D'Klacken [änneren]
Déi zwou al Klacke stamen aus der fréierer Kapell. Déi eelst gouf 1769 am Atelier Heintz zu Tréier gegoss; déi aner 1882 zu Saarburg an der Géisserei Mabilon. Am Joer 2006 koume 4 weider Klacken derbäi, dës goufen an der Klackegéisserei vun der Benediktinerabtei Maria Laach an der däitscher Äifel vum Brudder Michael Reuter OSB gegoss.