Kierch Welschent

Vu Wikipedia
Kierch vu Welschent
Parkierch vu Welschent (2014)

Parkierch vu Welschent (2014)
Parkierch vu Welschent (2014)
Uertschaft / Plaz Welschent
Par Dikrich
Le Bon Pasteur
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Jakobus
Konsekratioun 1880
Architekt(en) A. Hartmann
Koordinaten 49° 53’ 12.1’’ N
      06° 03’ 53.2’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Welschent ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Dikrich Le Bon Pasteur, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Buerschent gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Jakobus deem säi Fest de 25. Juli gefeiert gëtt.

D'Kierch steet tëscht dem Kierchewee an der Waarkstrooss. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur fréierer Par Welschent gehéiert ausser der Parkierch vu Welschent och nach d'Filialkierch vu Bierden.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1874/75 gouf déi al Kierch vu Welschent ofgerappt an eng nei gebaut no de Pläng vum Architekt Antoine Hartmann. Se gouf de 7. Juli 1880 vum Bëschof Nicolas Adames geweit.

Nieft der Kierch steet eng Lourdes-Grott déi 1958 fäerdeggestallt gouf. 1995 krut d'Kierch eng Uergel déi vun der Firma Schumacher vu Baelen bei Sankt Vith gebaut gouf.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Broschür: Welschent 1998, 50 Joer Pompjeeën, 20 Joer Dëschtennis

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Welschent – Biller, Videoen oder Audiodateien