Kierch vu Waha

Vu Wikipedia
Kierch vu Waha

Uertschaft / Plaz Waha
Par Waha
Dekanat Marche
Numm / Patréiner Hl. Etienne
Konsekratioun 1050
Koordinaten 50° 12’ 44.15’’ N
      05° 20’ 36.79’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch Saint-Étienne vu Waha ass Parkierch vun der Belscher Uertschaft Waha an der Gemeng Marche-en-Famenne. Se ass am romanesche Stil an eng Opschrëft gëtt d'Joer 1050 als Konsekratiounsjoer un.

D'Chouerfënsteren aus den 1950er Jore si vum Louis-Marie Londot an déi aner goufe vum Jean-Michel Folon entworf. Déi sechs grouss Fënsteren erzielen d'Liewe vum hellegen Etienne, déi zéng méi kleng um Niveau driwwer stelle Vullen an engem bloen Himmel duer. Se goufen an den Ateliers Loire zu Lèves bei Chartres fabrizéiert.

Se steet zanter 1941 op der Lëscht vum Patrimoine classé.

An der Kierch ass eng stenge Plack déi un den Éiwegen Edikt erënnert, dee 1611 zu Marche ënnerschriwwe gouf.