Kierch vun Olne

Vu Wikipedia

Déi éischt Kierch zu Olne gouf ëm 1005 op Uerder vum Henri II. gebaut. Se hat just ee Schëff mat engem Chouer.

Duerno gouf laang ouni Plang dru gefréckelt a bäigebaut. Géint 1584 huet de Paschtouer Bodeson ugefaangen d'Kierch ëmzebauen. Hien huet dat ganzt Gebai verstäerkt an e véiereckege, befestegten Tuerm, mat 1,5 Meter décke Maueren aus Kallekstee bäigebaut. An enger Schéissschaart am Tuerm steet op enger Plack den Datum vun där Ëmännerung.

1653 huet de Paschtouer Delva zwee Säiteschëffer bäigebaut.

Ënner der hollännescher Herrschaft sinn dunn d'Rivalitéiten tëscht de Protestanten an de Katholicken ugaangen, an deenen de calvinistesche Paschtouer Chrouet Meeschter gouf. De kathoulesche Kult gouf op ee Minimum vun Déngschter reduzéiert, fir schlussendlech ganz verbueden ze ginn. D'Gidder goufe konfiskéiert, an déi kathoulesch Schoulen goufen zougemaach.

De Paschtouer Delva gouf aus dem Duerf verdriwwen. Hien huet awer d'Saach net opginn, an zu Froidheid eng Kapell gebaut, an déi d'Leit aus der Par an d'Mass konnte goen.

Nom Depart vun den Hollänner huet de Paschtouer vun Olne am Joer 1761, déi ganz Kierch mat Ausnam vum Tuerm frësch opriichte gelooss, an d'Kierch gouf sou opgeriicht wéi se haut nach ze gesinn ass. Et ass en Zillegebai, an dem d'Fënsterrummen an d'Ecker vun de Maueren aus Hastee sinn. Duerno gouf nach verschiddentlech dru restauréiert. 1959 gouf d'Kierch als Monument klasséiert, an 1979 gouf déi lescht Restauratioun gemaach.

Ëm d'Kierch steet eng Mauer aus Kalleksteng, an d'Fer-forgés-Paart ass aus dem Joer 1774.

Den Dafsteen ass aus dem 15. Joerhonnert, d'Stuckdekoratiounen um Plaffong vum Chouer si vu 1765.

An der Kierch gesäit en nach schéi verschafft Boiserien, an déi eelst Kierchefënstere sinn aus dem 17. Joerhonnert. De Wäiwaassersteen am Renaissancestil ass aus schwaarzem Marber vun Theux.