Kierchegeschicht vum Lëtzebuerger Land

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

D'Kierchegeschicht vum Lëtzebuerger Land fänkt mat enger éischter Christianiséierung un, déi an der spéitréimescher Zäit vun Tréier ausgaangen ass. Mä bedéngt duerch d'Vëlkerwanderung, war ee gudden Deel vun der gallo-réimescher Bevëlkerung zeréck an de Paganismus gefall. Eng novollzéibar Kierchegeschicht an eisem Raum entstoung am Fong réischt mat der zweeter Christianiséierung an der Zäit vum Willibrord am 6. a 7. Joerhonnert.

Deemools sinn, am Kader vun enger chrëschtlecher Konsolidéierung, grouss Ur- oder Mammepare wéi z. B. Obeler, Hollerech, Weimeschkierch, Miersch an Dikrech entstanen. Spéider Opdeelungen hunn no an no zu enger méi enker Vernetzung geféiert, déi um Ursprong vum haitege Parsystem war, engem System dee sech awer, bedéngt duerch d'Laiziséierung vun der Gesellschaft an duerch d'Kris vun de Vocatiounen, souzesoen a Richtung groussflächeg Parverbänn zeréckentwéckelt huet.

Iechternach, wou de Willibrord säi Stëtzpunkt - e klengt Klouschter - ageriicht hat, vun deem aus hie seng "Friese-Missioun" ënnerholl huet, huet eng bedeitend Roll an der Entwécklung vum Parsystem an eisem Raum gespillt. No an no ass dem Willibrord säi Kléischterchen duerch Schenkunge vum Adel zu enger grousser Benediktinerabtei erugewuess, an zwar zu engem reliéisen Zentrum dat an engems och ee Wirtschaftszentrum (vgl. Grondherrschaft) an ee Kulturzentrum (vgl. Sciptorium/Schreifstuff a Bibliothéik) war.

Charakteristesch fir déi réimesch-kathoulesch Relioun an der Grofschaft respektiv - tëschent 1354 a 1794 - am Herzogtum Lëtzebuerg, wou et kee "lëtzebuergesche" Bëschof gouf, war de staarken Afloss vu männlechen oder weiblechen Uerdensgemeinschaften: um Land hu Benediktinerabteien, spéider och Zisterzienserabteien, eng grouss Roll an de Beräicher vun der spiritueller Betreiung, vun der Kultur a vun der Erzéiung, awer och vun der medizinescher Betreiung vun den einfache Leit gespillt. Am Laf vun der Zäit sinn nei Uerden ëntstanen (Franziskaner, Dominikaner, Kapuziner...) déi sech an de Stied niddergelooss hunn fir do méi oder wéineger déi selwecht Aufgaben z'iwwerhuelen, wéi déi méi al Kléischter um Land. Och d'Jesuitten hunn zanter ~1600 eng wichteg Roll gespillt (vgl. Géigereformatioun a Stater Kolléisch!). Net vergiessen: laang huet de "Staat" sech nëmmen ëm Verwaltung (Steieren a Justiz) a Sécherheet (Verteidigung) bekëmmert. De Sozialstaat, deen eng relativ rezent Erschäinung ass, huet vill Beräicher iwwerholl (Erzéiung, Kultur, Gesondheet...), déi fréier eenzeg an eleng an den Hänn vu kiirchlechen Ariichtunge louchen.

Ongeféier fofzéng Joerhonnerte laang war d'Lëtzebuerger Land, dat sech jo no an no am Oste bis wäit an d'Äifel an am Weste bis zur Meuse erstreckt hat, op sechs (6) Bistümer verdeelt. Dat heescht, datt eng ganz Rëtsch Paren z. B. vum Äerzbëschof vun Tréier ofgehaangen hunn, an anerer vum Bëschof vu Léck. Dës Prälate waren iwwregens och Landesfürsten, awer nëmmen an engem Deel vun hirem Bistum. Ausserhalb vun hirem eigentleche Fürstentum ware se deemno nëmme Bëschof (vgl.: Prënzbistum Léck oder Äerzstëft Tréier). A verschidde Randgebidder vum deemolege Lëtzebuerger Land hunn eng Rei Pare vum Äerzbëschof vu Köln (z. B. Schleiden, Kronenburg...), respektiv vun de Bëscheef vu Metz (z. B. Rëtzeg (Roussy) an Diddenuewen), vu Verdun (z. B. Damvillers) oder vu Reims (z. B. Orchimont a Baillamont) ofgehaangen. Ëntgéint deem, wat een hei an do liest, huet keng Par vum Land zum Bistum Namouer, dat iwwregens réischt 1559, ënner dem Philipp II. vu Spuenien, geschaf gouf, gehéiert.

Wéi d'Franséisch Revolutioun sech 1794 an eis Géigend "exportéiert" hat, ass eist Land net nëmmen annektéiert a geschwënn - ganz oder deelweis - op dräi Departementer verdeelt ginn (Forêts, Sambre-et-Meuse an Ourthe), mä si ass och a kierchlecher Hisiicht nei organiséiert ginn, allerdéngs réischt ënner dem Konsulat vum Generol Bonaparte (vgl.: Konkordat vun 1801). Sou ass den Departement des Forêts dem Bistum Metz zougesprach ginn.

Dës Situatioun huet iwwregens bis an d'Restauratioun ugedauert: wéi d'Lëtzebuerger Land 1815 als Groussherzogtum nei gegrënnt gouf, huet et nach aacht Joer gedauert, bis de Kinnek-Groussherzog Wëllem I. vun Holland säi Groussherzogtum 1823 un de Bistum Namouer, deen a sengem Kinnekräich war, konnt uglidderen.

An der Zäit vun der Belscher Revolutioun, wou dat sougenannt flaacht Land an den Hänn vun de Belsch war, d'Stad an d'Festung Lëtzebuerg awer weiderhi vum Wëllem I. senge Leit, respektiv vun der preisescher Garnisoun kontrolléiert goufen, huet de Poopst Gregor XVI. de Johannes Theodor Van der Noot 1833 zum provisoreschen Apostolesche Vikar ernannt.

No der Deelung vu Lëtzebuerg tëschent dem jonke Kinnekräich Belgien an dem Wëllem I. am Joer 1839 ass de reduzéierte Grand-Duché 1840 vum Bistum Namouer getrennt an zu engem Apostolesche Vikariat erhuewe ginn, deen direkt dem Hellege Stull ënnerstong.

De Bistum Lëtzebuerg sollt, wéi gesot, réischt 1870 vum Poopst Pius IX. gegrënnt ginn. Éischte Bëschof vu Lëtzebuerg gouf, no Verhandlunge mat der Regierung, déi bis 1873 gadauert hunn, den Apostolesche Vikar Nicolas Adames.

1988 ass de Bistum vum Poopst Jean-Paul II. zum Äerzbistum erhuewe ginn. De Mgr Jean Hengen, deen zum Schluss vum peepstleche Besuch zu Lëtzebuerg 1985 perséinlech oder éiereméisseg schonn zum Äerzbëschof erhuewe gi war, gouf dunn offiziell den éischten Titular vum Äerzbistum Lëtzebuerg.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michel Schmitt, Christentum und Kirche in Luxemburg - 1. Christliches Land seit 15 Jahrhunderten; Lingolsheim / Stroossbuerg (Éditions du Signe), 1989. ISBN 2-87718-012-3
  • Michel Schmitt & Georges Hellinghausen, Christentum in Luxemburg - 2. Kirche im Werden und Wachsen eines Volkes; Lingolsheim / Stroossbuerg ('Éditions du Signe), 1990. ISBN 2-87718-034-4
  • Nicolas Majerus, L'érection de l'Évêché de Luxembourg; Lëtzebuerg (Imprimerie Saint-Paul), 1951.
  • (Kollektiv), 1840-1990 : 150 Jahre Luxemburger Katholizismus; in: nos cahiers, 12/1991, Nr. 1 (= Sonnernummer). ISSN 1012-3822