Kiewer Gare (Moskau)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kiewer Gare zu Moskau

D'Kiewer Gare (op russesch: Киевский вокзал) ass eng Kappgare zu Moskau. Si gouf tëschent 1914 an 1918 gebaut und huet bis 1934 Brjansker Gare geheescht.

D'Haaptursaach fir de Bau vun där Gare war wëll ëmmer méi Leit mam Zuch gefuer sinn. Wëll d'Standzäiten an de Kappgare méi laang ware wéi an den anere Garen, sinn dacks méi wéi 15 Gleiser gebraucht ginn, an di aner Garen zu Moskau waren duerfir ze kleng. Eng aner Ursaach waren d'Pläng vum Zar Neckel II. vu Russland fir d'Zareräich no Süden z'erschléissen. Et ass dunn decidéiert ginn eng Kappgare mat Orientéierung Süden ze bauen.

Hautdesdaags fueren do Zich fort a Richtung Budapest, Belgrad, Sofia an Istanbul.

[änneren] Architektur

D'Pläng fir dëse Bau am neoklassizisteschem Stil ware vun den Architekten Iwan Rerberg an Wladimir Schuchow. Iwwer de Gleiser ass een 30 m héije Glasbou, an um rietsen Eck vum Gebai steet en 51 m héije Klackentuerm.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Kievsky Railway Station – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen