Kiewerlekszopp
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kiewerlekszopp ass ee vun de wéinege Platen an Europa an deenen Insekte verschafft ginn, a war bis an d'Halschecht vum 20. Joerhonnert op d'manst an Däitschland (Nordhessen) a Frankräich verbreet. De Goût gläicht deem vun enger Kriibsenzopp.
Fir d'Preparatioun gi Kiewerleken ouni Flilleken a Been, am Botter ugebroden an an enger Kallefs- oder Héngerbritt gekacht. Je nom Rezept gëtt d'Zopp gesift an als Britt zervéiert, oder d'Kiewerleke ginn am Ufank an engem Mörser zerdrätscht, ier d'Zopp virum Zervéiere passéiert a mat e bësse Roux an Dueder gebonne gëtt.
Gutt derbäi passen eng Tranche Kallefsliewer oder Dauwebroscht. Pro Persoun soll ee mat enger 30 Kiewerleke rechnen.[1]
[änneren] Referenzen
- ↑ Artikel aus dem Joer 1844 an enger medezinescher Fachzäitschrëft, Nogedréckt an: Thomas Hauer (Hg.), Das Geheimnis des Geschmacks. Aspekte der Ess- und Lebenskunst, 2005, S. 122 f.
Kuckt och: J.A. Massard: Maikäfer in Luxemburg: Historisches und Kurioses. Lëtzebuerger Journal 2007, Nr. 88 (8. Mai 2007), S. 26-27 (Maikäfersuppe).