Kifer um Briddel

Vu Wikipedia
Kifer um Briddel
D'Kifer vun ënnen aus der Wercollier-Strooss erop (Februar 2008)
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Koplescht
Plaz Briddel
Adress Rue Lucien Wercollier
Koordinaten 49°39'4,511"N, 6°4'46,250"O
Bamaart Fatzeg Dänn
Héicht 10,20 m (2023)
Duerchmiesser 0,99 m (2023)
Ëmfang 3,11 m (2023)


D'Kifer um Briddel ass eng Bëschkifer (och nach Fatzeg Dänn[1] oder Kazeg Dänn[2], Pinus sylvestris; pin sylvestre; Waldkiefer) déi um Briddel an der Gemeng Koplescht, laanscht der Lucien Wercollier-Strooss, net wäit ewech vum Briddeler Waassertuerm steet.

Wéinst hirer opfälleg onsymmetrescher Kroun, déi d'Strooss wéi e Schierm iwwerdeckt, gehéiert se zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

De Bam, deen a Privatbesëtz ass, war 2008 an nach engem relativ gesonden Zoustand, trotz dem Schued dee seng Kroun duerch Camionen, Bussen asw, an och dem Macadam dee bis un de Stamm erureecht, erlidden huet.

Dëse Bam kënnt schonn op der éischter Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg vir, eng Lëscht déi 1893 vum Forstinspekter Ernest Faber, de Pionéier um Gebitt vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg, verëffentlecht gouf. De Faber vergläicht se mat engem natierlechen Triumphbou virum Agank vun der Uertschaft.

Deemools stoung de Bam nieft der onbebauter Landstrooss déi vu Stroossen op de Briddel gefouert huet. Zanterhier huet d'Bebauung sech laanscht d'Kifer bis bei de Waassertuerm ausgebreet, an d'Strooss fir op Stroossen, den CR181, gouf méi südlech nei ugeluecht. Zanterhier ass d'Wercollier-Strooss eng Sakgaass an domat e rouegt Wunngebitt.

Entwécklung vum Bam[änneren | Quelltext änneren]

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer [3]
1942 2,45 0,78
1967 2,58 0,82
1980 2,73 0,87 14,00
≈2000 2,73 0,87 11,00
2023 3,11 0,99 10,20

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0
  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des Eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 186-187, Text a Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 138-139, Foto an Text).
  • Ernest Faber, 1915. Merkwürdige Baumgestalten aus dem Grossherzogtum Luxemburg. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, Festschrift 1915: 335-417. (Cf. S. 373, Foto; keen Text zur Kifer um Briddel heiran). Eroflueden, PDF
  • Ernest Faber, 1893. Alte Bäume. St. Paulus Gesellschaft, Lëtzebuerg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

D'Kifer vun uewen erof aus der Strooss gesinn
D'Kifer vun der anerer Säit vun der Strooss aus gesinn
D'Kifer ëm 1910 (Faber 1915)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kifer um Briddel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Klees, H., (1983). Luxemburger Pflanzennamen (2., verb. u. erw. Aufl.. ed., Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. 8 8 0007327). Luxembourg: Linden., Nr 264
  2. Administration des eaux et forêts, 1981, S. 166
  3. op Broschthéicht gemooss