Kings Canyon

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kings Canyon

De Kings Canyon ass déi gréissten a déifste Griecht an Zentralaustralien. E läit am Northern Territory, 420 km südwestlech vun Alice Springs. De Kings Canyon huet sech zu enger vun de gréissten Touristenattraktiounen am Northern Territory entwéckelt. Seng Klippe sinn 270 m héich.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geographie

De Kings Canyon läit am Wattarka Nationalpark, deen 300 km südwestlech vun Alice Springs läit.

[änneren] Geologie

E gëtt och de klenge Grand Canyon vun Australien genannt. Eng spektakulär Schlucht, déi iwwer 270 Meter héich an 1 km laang ass. D’Fielse liichten an alle Faarwe vu giel, iwwer gro bis zu rouden Téin.

[änneren] Planzen an Déieren

Dës Schlucht ass eent vun de wichtegste Gebidder am Rouden Zentrum. Zirka 600 Planzenaarten, dorënner vill Reliktplanzen aus den Urzäiten déi duerch déi fiicht-tropesch Vegetatioun erhale bliwwe sinn. Um dréchene Buedem vum Canyon wuesse grouss Floss-Eukalypten. Am Dall vum Canyon stinn uraal Palmfarnen a laanscht Strooss fir an de Canyon, fënnt ee Wüsteneechen a verschiddenen Alterskategorien.
Et gi vill Zorte Vullen, wéi Perruchen, Zebrafénken, Diamantdeiwecher an den Äisvull. Mat Chance kann ee fréi mueres och Fielsekängurue gesinn.

[änneren] Wanderen

Et gi verschidde Wanderweeër, wéi de Kings Canyon Track deen 8 km laang ass an deen duerch d’Palmenoas Valley of Eden féiert, oder e strammen Tour, duerch an iwwert d'Griechten, vun 6 km, wou d’Gesamtdifferenz vun der Héicht 150 Meter sinn. Den einfachsten Tour duerch d’Flossbett, de Kings Creek Walk, geet ënnert risegen Eukalyptusbeem laanscht an dauert ongeféier eng Stonn.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen