Kino Capitole

Vu Wikipedia
Kino Capitole
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'6,55"N, 6°8'0,14"O

De Kino Capitole war e Kino an der Aler Avenue an der Stad Lëtzebuerg.

De Ciné Capitole huet den 28. Mäerz 1931 seng Dieren opgemaach mam Film Die Drei von der Tankstelle vun 1930 vum däitsche Regisseur Wilhelm Thiele. Proprietär war de Georges Reckinger.

De Kino war ee vun deenen éischten zu Lëtzebuerg, déi Tounfilmer konnte weisen. Am Mee 1953 gouf den éischten dräidimensionale oder 3D-Film, am Natural Vision Procedé, mam Titel Bvana le diable, opgeféiert. D'Zuschauer kruten dofir e Spezialbrëll virun der Séance ausgedeelt.

De 15. Mee 1969 ass am Capitole fir d'lescht e Film gewise ginn.

D'Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Den Architekt Jean Mackel hat déi éischt Pläng fir de Kino gezeechent; gebaut gouf en awer vum Mathias Martin. Et war e grousse Sall mat Parquet, Première a Balcon. En hat 800 Sëtzplazen.

De Kino ass 1947 vum Etienne Gallowich renovéiert ginn an hat duerno 694 Sëtzplazen.

An d'Hasteng vun der Fassad waren als Symboler en Har, Wellen a Blëtzer mat de Wierder Vox ("Stëmm") a Lux ("Liicht") geklappt gi fir drop hinzeweisen, datt am Kino Tounfilmer gewise goufen. Dobäi stinn och nach d'Buschtawen WE, als Referenz un déi amerikanesch Elektrotechnik-Firma Western Electric déi sengerzäit d'Akustik am Capitole zu enger vun de beschten an Europa qualifizéiert hat.

Detail vun der Fassad: "Lux" a "Vox".

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]